NEI LÉISUNGEN FIR EUROPA MAT DE PIRATEN

Ahoi léif Matbierger:innen, 

d’Europawahlen sti virun der Dier an d’Piraten hunn déi leschte Méint fleisseg dru geschafft, fir iech an dësem Programm nei Léisungen fir Europa ze präsentéieren. 

D’Europäesch Unioun huet Problemer: d’Wirtschaft dréint net wéi se soll, d’Sécherheet ass net méi garantéiert, de Klimawandel gëtt ëmmer méi spierbar fir eis Ëmwelt a Wirtschaft an alles dat féiert dozou, dass ëmmer méi radikal-extrem Politiker:innen a Parteien probéieren mat Haass, Jalousie an bëllege Proposen är Stëmmen ze kréien, fir un d’Muecht ze kommen. Ee Mol do ukomm wäerten dës Leit, eis Fräiheeten, d’Demokratie an de Rechtsstaat ofbauen an domadder dat, wat eis Virfahren virun Jorzéngten mat vill Aarbecht a Blutt bezuelt hunn. Mir mussen d’Europäesch Unioun zesumme verbesseren! 

Nei Léisungen fir Europa kommen nëmmen, wann een d’Leit matschwätzen, matentscheeden a matschaffe léisst. Dir sollt d‘Soen hunn, wann et ëm äert Doheem, är Ëmwelt an är Steiergelder geet an a wichteg Entscheedungen mat agebonne ginn. Mat méi Matbestëmmung baue mer Vertrauen an d’Politik erëm op a ginn esou dem Haass, der Jalousie an de bëllege Proposen vun extreme Politiker:inne keng Chance!

Wien d‘Piraten wielt, dee wielt de Wee fir méi Biergerbedeelegung a Matbestëmmung.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt nei Léisungen fir Europa.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt de Wee an eng nohaltëg Zukunft fir Mënsch, Déier an Natur.

Är Stëmm fir d’Piraten ass eng Stëmm fir eng Partei, déi aanechters un d’Politik erugeet, wéi aner Parteien dat maachen.

Vertraut eis den 9te Juni mat engem Kräiz op eiser Lëscht fir nei Léisungen fir Europa !

Eise Programm kuerz&knapp

Eise Walprogramm am Detail

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352203337

Aktuelles

De 14ten Dezember 2024 um 10 Auer moies hunn d^Piraten ee Landeskongress ofgehalen. Um Programm waren: Satzungsännerungsvirschlag deposéiert vum Marc Goergen de 27/11/2024: D’Zesummefaassung
De Sven Clement schreiwt an engem Gast-Artikel am Lëtzebuerger Land vum 25te Mäerz 2022 iwwert d’Viruerteeler am Kontext vun der Ukrain-Kris a wéi mer
Ahoi! Den alljärlechen Landeskongress vun eiser Partei steet un! Mir invitéieren all Member häerzlech dorun deel ze huelen a matzestëmmen. Wéini: 8te Februar 2020,
D’Pirate feieren hiert 10-järegt Bestoen! Dat wëlle mir zesumme mat iech feieren. Umelle kënnt dir iech entweder iwwert ahoi@web.piraten.lu (uginn: Unzuel vu leit, Menu, Membre
  Am vergangenen Freitag fand der globale Klimastreik statt, welcher auch in Luxemburg zum berechtigten Erfolg wurde. Eine Vielzahl an Mitgliedern und Kandidaten der
Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an
De Phänomen vum “Caller ID Spoofing”, bei deem d’Uruffer-ID manipuléiert gëtt fir eng falsch Identitéit virzeginn, stellt eng ëmmer méi grouss Gefor fir d’Privatsphär
Rezent Berichter an der Press hunn e Fall vun engem orthopädesche Chirurg thematiséiert, deen de 22. Januar 2026 vun der Gesondheetsministesch provisoresch suspendéiert gouf,
An de leschte Joren ass et zu Lëtzebuerg ëmmer erëm zu Rupturen an de Stocke vu medezineschem Cannabis komm, déi zu Ënnerbriechungen an der
Aktuell kënne lëtzebuergesch Staatsbierger nëmme Päss mat enger Lafzäit vu fënnef Joer ufroen, wat am Géigesaz zu der Praxis a ville Nopeschlänner an aneren
De kierzlech publizéierte “Global AI Index” vun The Observer/Tortoise Media analyséiert d’Kapazitéite vun 93 Länner am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) a bewäert
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3219 huet d’Madame Ministesch erkläert, datt et zu Lëtzebuerg méiglech ass, eng IRM ënner Allgemenganästhesie duerchzeféieren, dobäi awer
Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun
D’Gemeng Nidderaanwen krut rezent eng Auszeechnung vun der ASBL Actioun Lëtzebuergesch, well d’Websäit vun der Gemeng an der Lëtzebuergescher Sprooch ugebuede gëtt. Wéi RTL.LU
*d’Bild gouf mat KI generéiert Middëgkeet op der Aarbecht ass ee grousse Risiko fir Accidenter. Grad am ëffentlechen Transport ass et wichteg, dass Chaufferen