Landeskongress 2024 #2

De 14ten Dezember 2024 um 10 Auer moies hunn d^Piraten ee Landeskongress ofgehalen. Um Programm waren:

  • Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Koordinator vun der Partei
  • Wal vum Kongressbüro souwéi der Walleedung
  • Ofstëmmung vun enger grousser Satzungsännerung: den Text fënns du hei drënner.
    Ab dem 1ten Dezember organiséiert d’Parteileedung och nach een Online-Vote op eiser Plattform ASAMBLEO. All Member, dee seng Memberskaart bezuelt huet a mindestens 3 Méint Member ass, kritt eng Invitatioun iwwert ahoi@piraten.lu fir ofzestëmmen.
  • Wann d’Satzungsännerung ugeholl gëtt:
    • Wal vu 7 Memberen vun der neier Parteileedung
    • Wal vum Koordinatiounsteam (3 Co-Koordinatoren, 2 Tresorieren)
  • Du kanns deng Kandidatur fir d’Parteileedung op ahoi@piraten.lu arreechen.
  • Ofstëmmung vun aneren Unträg (Dépôt bis spéitstens zwou Woche virum Kongress op ahoi@piraten.lu)
  • Divers
  • Schlusswuert
  • Mëttegiessen (Flatrate)

Satzungsännerungsvirschlag

deposéiert vum Marc Goergen de 27/11/2024:

D’Zesummefaassung vun der Satzungsännerung

  • D’Zil vun der Satzungsännerung ass et, fir d’Transparenz, d’Effizienz an d’Partizipatioun op alle Niveauen an der Partei ze stäerken. 
  • Eng nei Parteispëtzt:
    • de Präsidium wäert duerch eng méi breet opgestallte Parteileedung ersat ginn, déi d’Decisiounen an der Partei zesummen hëllt.
    • déi nei Parteileedung setzt sech zesummen aus alle gewieltene Mandatairen, Vertrieder aus der Bezierker, de Jonke Piraten souwéi 7 weidere Memberen, déi um Landeskongress wäerte gewiehlt ginn. 
    • Um Landeskongress gëtt dann nach ee Koordinatiounsteam aus de Memberen vun der Parteileedung gewielt, déi fir d’Alldagsgeschäft an der Partei zoustänneg ass (Finanzen, Personal, Logistik, Ënnerschreiwe vu Veträg, etc.)
  • Responsabel Finanzen:
    • d’Partei gëtt sech méi streng Reegelen, wien Suen fir d’Partei däerf ausginn, wéi vill an ënnert wéi eng Konditiounen.
    • d’Konten an de Bilan vun der Partei mussen an Zukunft vun enger Fiduciaire kontrolléiert ginn.
    • all net budgetiséiert Ausgaben mussen der Parteileedung matgedeelt ginn.
    • nëmmen d’Memberen vum Koordinatiounsteam dierfen Gelder vun der Partei engagéieren.
    • Memberen vum Koordinatiounsteam dierfe keng Decisiounen huelen, un deenen si ee potenziellen Interessekonflikt hunn.
    • Fir déi nohaltëg finanzéierung vun der Partei ze sécheren, wäerten fir Piraten-Mandatairen d’Bäitreeg fixéiert ginn.
    • Et wäert ee reduzéierte Membersbeitrag fir Familljen a Studenten agefouert ginn.
  • Modern Parteistrukturen:
    • d’Schiedsgericht wäert ofgeschaft ginn an a Sträitfäll duerch eng Ethikkommissioun ersat ginn.
    • d’Roll vun den Themenbeoptragten gëtt méi kloer.
    • bei de Bezierker an de Sektiounen ginn d’Reegelen méi flexibel an all Member kann an Zukunft am Bezierker vu senger Wahl Comitésmember ginn.
    • op der anerer Säit kréien d’Bezierker méi kloer Reegelen betreffend der Zesummesetzung vum Comité.
    • den Online-Vott gëtt an eiser Satzung mat kloere Krittären verankert.
    • Fir d’Wahljoren gëtt d’Partei sech méi präzis Prozeduren, wéi d’Wahlkampagnen an d’Kandidatelëschten mussen organiséiert ginn.

Resultater vum Online-Vott

Nei Parteileedung

Folgend Persounen goufen dann als Memberen an déi nei Parteileedung gewiehlt:

Fuchs Steve
Krack Joël
Legrand Claude
Liesch Camille
Mertz Gilles
Remakel Raymond
Saffran Kilian

Folgend Leit aus der Parteileedung goufen an d’Koordinatiounsteam vun der Parteileedung gewiehlt an designéiert:

Co-Koordinatoren:
Legrand Claude
Lomel Ben
Flor Starsky

Tresorieren
Couto Paula
Remakel Raymond

Zesummenhang posts

Digital Plattforme wou een eng Wunnecht fir d’Vakanz loune kann, sinn an de leschte 5 Joer exponentiell gewuess. Besonnesch Plattforme wou privat Leit ouni
Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, kréien eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA). Wien säi
An der Käler Gemengerotsitzung vum 12te Mäerz hat ee Vertrieder vum TICE erkläert, dass de Staat – also de Mobilitéitsministère – d’TICE-Buslinn 17, déi