Global AI Index

De kierzlech publizéierte “Global AI Index” vun The Observer/Tortoise Media analyséiert d’Kapazitéite vun 93 Länner am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) a bewäert dës an dräi Haaptkategorien: Investitioun, Innovatioun an Ëmsetzung. Lëtzebuerg beleet an dësem Ranking déi 27. Plaz am globale Verglach. Wärend d’Land a bestëmmte Beräicher, wéi deem vum Talent (14. Plaz) an deem vun der Entwécklung (15. Plaz), staark Resultater opweist, geet aus dem Rapport ervir, datt Lëtzebuerg am Beräich “Government Strategy” mat enger 57. Plaz däitlech ënnert dem Duerchschnëtt an hannert sengen europäeschen Noperen ofschneit.
D’Methodologie vum Index präziséiert, datt de Pilier “Government Strategy” d’Déift vum Engagement vun der nationaler Regierung moosst, inklusiv geplangten Investitiounen an Ausgabe fir Formatioun, Fuerschung, Infrastruktur an d’Ënnerstëtzung vum Privatsecteur. Eng 57. Plaz an dësem Beräich, bei enger gläichzäiteg gudder Positioun beim “Talent”, deit op e méiglechen Desequiliber hin tëscht dem Potenzial vum lëtzebuergeschen Ekosystem an de politesch strategesche Kaderbedéngungen, déi néideg sinn, fir dëst Potenzial laangfristeg ze halen an auszebauen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi erklären d’Ministeren déi schwaach Placéierung vu Lëtzebuerg (Rang 57) am Beräich “Government Strategy” am Verglach zu anere Kategorië wéi “Talent” oder “Development”?

  2. De Rapport gëtt un, datt d’Methodologie fir 2025 ugepasst gouf, fir e méi staarke Fokus op konkret Investitiounspläng an Ausgaben an de Beräicher Fuerschung, Infrastruktur an Training ze leeën. Feelen der Regierung aktuell konkret a budgetiséiert Investitiounspläng an dëse Beräicher, oder goufen dës Donnéeën net adäquat un d’Auteure vum Index kommunizéiert?

  3. Wéi gedenkt d’Regierung de Gruef tëscht der héijer Disponibilitéit vun Talent (Rang 14) an der als schwaach bewäerter strategescher Ënnerstëtzung duerch de Staat (Rang 57) ze schléissen, fir en “Brain Drain” vu KI-Spezialisten ze verhënneren?

  4. D’Resultater am Beräich “Research” (Rang 34) leien däitlech hanner deene vum “Development” (Rang 15). Wéi eng spezifesch Mesuren si geplangt, fir d’akademesch Fuerschung an d’Publikatiounen am Beräich KI zu Lëtzebuerg gezielt ze stäerken?

  5. Laut dem Index baséiert de “Commercial Ecosystem” (Rang 28) net méi nëmmen op Start-ups, mee op der breeder Verdeelung vun Innovatioun. Wéi eng konkret Ureizer oder Programmer si virgesinn, fir etabléiert lëtzebuergesch Betriber bei der Implementéierung vu KI-Léisungen ze ënnerstëtzen an domat d’Positioun am “Operating Environment” (Rang 26) ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3516

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene