Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch fir d’Kannerbetreiung. Heibäi verrechnen d’Profitcrèchen systematesch maximal Forfaiten, onofhängeg dovunner, ob d’Kanner d’Stonnen notzen oder net.
An engem rezente Beispill verrechent ee Foyer wärend der Woch vun der Chrëschtvakanz mat 2 Feierdeeg ee Forfait/Stonnesaz vu 60 Stonnen. Realistesch gesinn kéint d’Kand awer maximal 15 Stonnen den Dag an de Foyer goen, well d’Ëffnungszäite vun deem Foyer maximal vun 5h00 bis 20h00 sinn.
An der Chrëschtdagswoch kéint d’Kand theoretesch also just 3 ganzer Deeg (72 Stonnen) an d’Crèche goen. Bedeit also, dass d’Crèche sech d’Recht eraushëlt, fir den Eltere 60 Stonnen ze verrechnen, obwuel et logistesch Mol net méiglech ass, déi 60 Stonnen ze garantéieren
Duerch dëse Mechanismus hu vill Elteren an de leschte Jore missten an de Schoulvakanzen eng kräfteg Schëpp Sue bäileeën, well d’gratis Kannerbetreiung hei net gëllt an d’Staatssubventioun da manner wéi 6€/Stonn bedréit. Verschidden Elteren, ma och de Staat, bezuelen esou iwwert d’Vakanz vill Sue fir näischt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Dierfen d’Crèchen ënnert dem aktuelle Gesetz och Stonnen während de Feierdeeg berechnen?
-
Dierfen d’Crèchen ënnert dem aktuelle Gesetz och Stonnen verrechnen, wann se zou sinn?
-
Aus dem uewe genannte Beispill: dierfen d’Betreiungsstrukturen ee Forfait vun 60 Stonne berechnen, och wann se theoretesch just 45 Stonne kéinten den Accueil garantéieren?
QP Nummer 3523
D’Bild gouf mat KI erstallt