Schutz géint “Caller ID Spoofing”

De Phänomen vum “Caller ID Spoofing”, bei deem d’Uruffer-ID manipuléiert gëtt fir eng falsch Identitéit virzeginn, stellt eng ëmmer méi grouss Gefor fir d’Privatsphär an d’Sécherheet vun de Bierger duer. Duerch dës Technik ginn dacks betrügeresch Uriff getarnt, wat zu engem Vertrauensverloscht an d’Telekommunikatiounsnetz féiert. An den USA gouf mam STIR/SHAKEN-Protokoll eng technesch Léisung agefouert, déi d’Authentizitéit vun der Telefonsnummer digital verifizéiert. Och op europäeschem Niveau gëtt verstäerkt iwwer d’Aféierung vu Standarden diskutéiert, fir de “Spoofing” ze bekämpfen an d’Validitéit vun der Identifikatioun vum Uruffer ze garantéieren. Dëst betrëfft net nëmmen numeresch Telefonsnummeren, mee och sougenannten “Alpha-Sender-IDs” (Alphanumeresch Identifikatiounen), déi dacks bei SMS-Servicer vu Banken oder Administratioune genotzt ginn, fir d’Identitéit vum Absender ze fälschen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt d’Regierung, op nationalem Niveau oder an Zesummenaarbecht mat dem Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR), technesch Standarden no dem Virbild vun STIR/SHAKEN, fir d’Verifikatioun vun Telefonsnummeren obligatoresch anzeféieren?

  2. Wéi eng konkret Moossname ginn ergraff, fir de Mëssbrauch vun Alpha-Sender-IDs bei SMS-Servicer ze verhënneren, fir datt dës net méi vun onautoriséierten Drëtte fir Phishing-Zwecker mëssbraucht kënne ginn?

  3. Sinn der Regierung Statistiken doriwwer bekannt, wéi vill Fäll vu Bedruch duerch “Caller ID Spoofing” oder “SMS Spoofing” an de leschten zwee Joer zu Lëtzebuerg gemellt goufen?

  4. A wéi engem Mooss bedeelegt sech Lëtzebuerg un den Diskussiounen op EU-Niveau fir d’Harmoniséierung vun de Sécherheetsstandarden am Beräich vun der Identifikatioun vun der Kommunikatioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3570

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene