Méi direkt Demokratie woen – E Biergerrot fir Lëtzebuerg mat Leit wéi s Du an Ech

D‘Politik méi no un d Biergerinnen a Bierger bréngen an d’Leit endlech an der Politik matdiskutéieren loossen. Dat ass d’Zil vum Biergerrot.

Per Lous ginn Leit aus der Bevëlkerung gezunn, déi dann iwwert e bestëmmt Thema Léisungen fir d‘Land ausschaffen. Dës Léisungen ginn dann dem Parlament virgeluecht.

Um Samschdeg den 9. Mäerz war d’Piratepartei zu EUPEN an der Belsch, fir sech iwwert de Biergerrot, deen do agefouert gouf, ze informéieren. Am Kader vun enger Pressekonferenz am Parlament vun der „Deutschsprachigen Gemeinschaft“ gouf d’Aarbecht vum Biergerrot erkläert an et goufen Iddien ausgetosch.

D’PIRATEN setzen sech säit hirer Grënnung fir méi DIREKT DEMOKRATIE an. Dofir hu mir och an der Chamber ee Gesetzesprojet deposéiert, deen esou ee Biergerot och zu Lëtzebuerg fuerdert. Mir fannen et super, datt d’Belsch de Courage huet endlech méi Demokratie ze wohen.

Iddi fir den Text: D’Piraten hunn ee Gesetz geschriwwen, fir ee Biergerrot nom belsche Modell hei zu Lëtzebuerg anzeféieren, wou Leit wéi s du an ech mat un der Politik kënnen deelhuelen. 

Hei fannt Dir méi Informatiounen zum Modell vum Biergerrot, wéi en an der Belsch haut scho Realitéit ass: https://www.buergerdialog.be/

An e puer Impressiounen aus der internationaler Presse :

https://www.grenzecho.net/32550/artikel/2020-03-07/medienrummel-beim-auftakt-der-burgerversammlung

https://www.deutschlandfunk.de/buergerdialog-in-ostbelgien-per-los-in-die-politik.795.de.html?dram:article_id=458776

https://www.sueddeutsche.de/politik/belgien-volksherrschaft-wie-im-alten-athen-1.4646581

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen