Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een um Terrain a vill Situatiounen, déi ee Mënsch psychologesch extreem belaaschte kënnen. D’Personalpolitik bei der Police huet dofir ee Programm, deen sech ëm d’Wuelbefanne vun de Polizist:innen këmmert, de sougenannten SBET (Service de bien-être au travail), dee Beamt:innen ënnerstëtze soll, déi wéinst gesondheetlechen oder psychesche Problemer eng ugepasste Betreiung oder Aarbechtsorganisatioun brauchen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Beamten an zivil Mataarbechter vun der Police grand-ducale ginn aktuell am Kader vum SBET-Programm betreit a wéi huet sech dës Zuel an de leschte fënnef Joer entwéckelt?
Wéi vill Beamte goufen zënter 2019 op aner Aarbechtsplazen detachéiert?
Wéi vill Beamte konnten zënter 2019, no hirem Detachement, erëm zu 100% op hire Posten agefouert ginn?
QP Nummer 3522