Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an engem oppene Bréif drop higewisen, datt de nationalen Aktiounsplang LGBTIQ+ an déi verbonne Moossname fir Unisex-Toiletten am Summer vum Regierungsrot guttgeheescht goufen.
Et gëtt behaapt, datt dës Decisioun vum ganze Regierungsrot eestëmmeg an ouni Virbehalt ugeholl gouf. Fir d’Kohärenz vun der Regierungsaarbecht an d’Ëmsetze vum nationalen Aktiounsplang ze garantéieren, ass et vu groussem ëffentlechen Interessi, de genaue Prozess an den aktuelle Stand vun dëser Decisioun ze klären.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Gouf den nationale Plang fir d’Fërderung vun de Rechter vun LGBTIQ+ Persounen, inklusiv der Propositioun fir Unisex-Toiletten an neie Lycéeën, vum Regierungsrot am Summer 2025 eestëmmeg ugeholl?
-
Goufen an dëser Sëtzung vum Regierungsrot spezifesch Bedenken oder Oppositioune vun eenzelne Ministere géint d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an de Lycéeë protokolléiert?
-
Wéi eng konkret Krittäre goufen an dësem Plang definéiert, fir d’Ëmsetze vun dësen Toiletten an den neie Gebaier vum Staat ze garantéieren?
QP Nummer 3577