An de leschte Joren ass et zu Lëtzebuerg ëmmer erëm zu Rupturen an de Stocke vu medezineschem Cannabis komm, déi zu Ënnerbriechungen an der therapeutescher Versuergung vu Patiente gefouert hunn. Dës Versuergungsproblemer goufe schonns a menge parlamentaresche Froen n° 677, 895, 4282,4402, 4549, 5147,6171, 6356, 6864, 7112 an 8319 thematiséiert. D’Ursaache fir dës Rupturë waren ënnerschiddlech: Liwwerschwieregkeeten bei de Fournisseuren, Problemer beim Wiessel vun engem Liwwerant op en aneren, Produktiounsproblemer, souwéi eng méi séier gewuessenen Nofro wéi virgesinn.
Zënter dem 1. Januar 2025 sinn zousätzlech wichteg Ännerungen a Kraaft getrueden: THC-räich Cannabisbléie sinn net méi am medezinesche Programm disponibel an d’Versuergung beschränkt sech nëmmen nach op CBD-räich Bléien, balancéiert THC/CBD Bléien, an déi dräi Ueleg-Extrakten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi ass d’aktuell Versuergungssituatioun vu medezineschem Cannabis zu Lëtzebuerg? Sinn all déi virgesinne Produiten (CBD-räich Bléien, balancéiert THC/CBD Bléien, an déi dräi Ueleg-Extrakten) reegelméisseg an a genuch Quantitéite verfügbar?
-
Ass et 2025 zu Rupturen oder Versuergungsengpäss bei eenzelne Produkter komm? Wann jo, bei wéi enge Produkter, wat waren d’Ursaachen a wéi laang hunn d’Rupturë jeeweils gedauert?
-
Ginn et de Moment Rupturen an de Stocke vu medezineschem Cannabis, déi d’Versuergung vu Patiente beaflossen? Wann jo, bei wéi enge Produkter, a wéini ass mat enger Normaliséierung vun der Versuergung ze rechnen?
-
Wéi vill Patiente ware vun der Ofschafung vun den THC-räiche Bléie betraff? Wéi gouf séchergestallt, datt dës Patiente weiderhin eng adäquat therapeutesch Alternativ kréien?
-
Wéi evaluéiert d’Ministesch d’Funktionalitéit vum neie Kontrakt mat Tilray Deutschland GmbH zënter Ufank 2025? Goufe bis elo all Liwwerunge protokollgerecht erfëllt?
-
Wéi eng Mesurë sinn ëmgesat ginn oder si geplangt, fir zukünfteg Versuergungsrupturen ze vermeiden an eng stabil Versuergung fir d’Patiente sécherzestellen?
QP Nummer 3518