Absence wéinst Middegkeet fir Chaufferen

*d’Bild gouf mat KI generéiert

Middëgkeet op der Aarbecht ass ee grousse Risiko fir Accidenter. Grad am ëffentlechen Transport ass et wichteg, dass Chaufferen vu Gefiehrer zu all Zäitpunkt ausgerouht sinn, fir d’Sécherheet vun de Passagéier ze garantéieren. A fréiere parlamentaresche Froen (n°165, 387 an 831, 1005) hat ech dëst schonn bei den CFL mat Hibléck op d’Rouhdeeg vun den Zuchführer thematiséiert.
A verschiddene Fäll ass et scho virkomm, dass d’Leit, déi sech wéinst Middegkeet vun der Aarbecht ofmellen, um Enn souguer nach vum Betrib dofir bestrooft ginn. Et stellt sech hei fir d’Chaufferen vun Bus, Zuch, Taxi oder Tram d’Fro, wéi si sech uleeë sollen, wann si spieren, dass si midd an net fahrtüchteg sinn a wéi hei d’Middegkeet als Sécherheetsrisiko jee no Secteur bewäert gëtt, well hei eng Hellewull un Normen (Gesetzestexter, Reglementer, intern Prozeduren, etc.) fir verschidden Organisatiounen (CFL, Bussyndikater wéi den TICE, Privatfirmen, etc.) existéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn Ënnerscheeder an der Bewäertung vun der Absence duerch Middegkeet gemaach, zum Beispill tëschent den Chaufferen vun den CFL, TICE, AVL, RGTR, Tram oder Taxi? Falls jo, wéi eng?

  2. Kann d’Regierung een Iwwerbléck liwweren, wéi d’Absence wéinst Middegkeet oder akute gesondheetleche Problemer, déi d’Fahrtüchtegkeet vum Chauffer beanträchtegen, bei deenen uewe genannten Organisatiounen reglementéiert/gereegelt ass?

  3. Gëllt Middegkeet an all dësen Organisatiounen am Secteur vum ëffentlechen Transport als legitimme Sécherheetsgrond, fir sech ofzemellen?

  4. Wien dréit d’Verantwortung, wann et wéinst d’Middegkeet vum Chauffeur zu engem Accident kënnt – am schlëmmste Fall mat Verletzten?

  5. Muss de Chauffeur, deen
    • trotz Middegkeet op senger Aarbecht erschéngt,
    • wéinst Middegkeet net op senger Aarbecht erschéngt,

    mat Disziplinarmoossnahmen oder Avertissementen rechnen?

  6. Wéi soll ee Chauffer reagéieren, wann en direkt oder indirekt vu sengem Virgesetzten ënnert Drock gesat gëtt, fir trotz Middegkeet oder akute Gesondheetsproblemer schaffen ze goen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3493

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene