ACCOUNT

Ofgeleent: Kee Congé parental ouni Stempel vum Patron

Salariéeën, déi eng Demande fir den Elterecongé (congé parental) wëlle maachen, kënnen dës Demande bei der Zukunftskeess maachen. D’Gesetz vum Congé parental gesäit vir, datt dofir ee Formulaire muss vum Patron mat ënnerschriwwe ginn, fir ze garantéieren, datt de Patron iwwert dës Demande informéiert an averstanen ass.  Am Gesetz selwer stinn awer sos keng méi… Continue reading Ofgeleent: Kee Congé parental ouni Stempel vum Patron

Betreff: Parlamentaresch Fro n°2565

Betreff: Parlamentaresch Fro n°2565 Här President, ugesiichts vun der momentaner Situatioun hu mir vu ville besuergt Eltere matgedeelt krut, datt si nom Oflafe vum Congé pour raisons familiales Covid-19 de Moment ënner Drock sinn, well d’Crèchen d’Kanner an den Aféierungswochen nëmme reduzéiert betreit hunn. An deem Zesummenhang hate mir d’parlamentaresch Fro n°2565 als Nofro gestallt,… Continue reading Betreff: Parlamentaresch Fro n°2565

Nofro zum Congé pour raisons familiales Covid-19

Den Educatiounsminister huet mir de 15te Juli op meng parlamentaresch Fro n°2540 geäntwert, datt d’Crèchen hir Agewinnungsphas scho virum 15te Juli kënnen ufänken. Den Educatiounsminister verweist hei op d’Responsabilitéit vum Gestionnaire, fir mat den Elteren ze kucken, wéi d’Agewinnungsphas am beschte kann organiséiert ginn.  Elo ass et awer esou, datt verschidde Gestionnairen den Eltere matgedeelt… Continue reading Nofro zum Congé pour raisons familiales Covid-19

Congé Spécial COVID-19

Wärend dem Confinement konnten Eltere vun engem Congé pour raisons familiales Covid-19 profitéieren, fir esou op hier Kanner opzepassen. Dëse Congé leeft de 15te Juli 2020, mat der Reouverture vun de Crèchen, aus.  Elo ass et awer esou, datt vill Crèchen Integratiouns– an Adaptatiounswochen organiséieren. Dat heescht konkret, datt d’Kanner nëmmen e puer Stonne betreit… Continue reading Congé Spécial COVID-19