Betreff: Parlamentaresch Fro n°2565

Betreff: Parlamentaresch Fro n°2565

Här President,

ugesiichts vun der momentaner Situatioun hu mir vu ville besuergt Eltere matgedeelt krut, datt si nom Oflafe vum Congé pour raisons familiales Covid-19 de Moment ënner Drock sinn, well d’Crèchen d’Kanner an den Aféierungswochen nëmme reduzéiert betreit hunn. An deem Zesummenhang hate mir d’parlamentaresch Fro n°2565 als Nofro gestallt, déi op Är Decisioun d’Urgence net unerkannt krut. 

Mir wëllen Iech dorop opmierksam maachen, datt d’Fro net am Delai vun engem Mount, wéi am Artikel 83 (2) vun eisem Chambersreglement festgeluecht ass, beäntwert gouf. Den Educatiounsminister huet och keng Verlängerung vum Delai ugefrot, sou wéi den Artikel 83 (3) vun eisem Reglement dat virgesäit.

Mir erënneren dorun, datt mir an eiser Funktioun als Deputéierten d’Froen am Numm vun de Biergerinnen a Bierger dobaussen un de Minister stellen an, datt et ee Recht als Deputéierten ass am virgeschriwwenen Délai d’Äntwerten op dës Froen ze kréien.

Mir géifen dofir un Iech als Chamberspresident appelléieren, fir den Educatiounsminister u seng legal Obligatiounen ze erënneren a bei him ze intervenéieren, domat d’Leit dobaussen endlech Äntwerten op hier Froe kréien.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene