Congé Spécial COVID-19

Wärend dem Confinement konnten Eltere vun engem Congé pour raisons familiales Covid-19 profitéieren, fir esou op hier Kanner opzepassen. Dëse Congé leeft de 15te Juli 2020, mat der Reouverture vun de Crèchen, aus. 

Elo ass et awer esou, datt vill Crèchen Integratiouns– an Adaptatiounswochen organiséieren. Dat heescht konkret, datt d’Kanner nëmmen e puer Stonne betreit kënne ginn an deemno wéi eréischt Schluss Juli bis Ufank August hir Kanner kënnen an d’Crèche schécken.

Vill Eltere befannen sech deemno an enger Zwéckmillchen, well si net méi vum viru genannte Congé profitéiere kënne wärend d’Betreiung fir d’Kanner net dee ganzen Dag iwwer assuréiert ginn. D’Employéeë sinn also eleng op de gudde Wëll vun hirem Patron ugewisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Besëtzt de Bildungsminister Kenntnis vun dëser Situatioun a wäert hien dësen Elteren entgéint kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2540

https://web.piraten.lu/demande-de-conge-pour-raison-familiales-covid-19-nofro/

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene