Ofgeleent: Kee Congé parental ouni Stempel vum Patron

Salariéeën, déi eng Demande fir den Elterecongé (congé parental) wëlle maachen, kënnen dës Demande bei der Zukunftskeess maachen. D’Gesetz vum Congé parental gesäit vir, datt dofir ee Formulaire muss vum Patron mat ënnerschriwwe ginn, fir ze garantéieren, datt de Patron iwwert dës Demande informéiert an averstanen ass. 

Am Gesetz selwer stinn awer sos keng méi konkret Ufuerderungen doriwwer, wéi d’Demande opgebaut soll sinn an et gouf am Gesetz och kee Standardformulaire als Annexe beschloss. D’Zukunftskeess offréiert op hirem Site awer esou ee Standardformulaire, deen d’Salariéeë benotze kënnen, fir d’Demande ze maachen. An dësem Formulaire gëtt explizitt nom “Cachet et signature de l’employeur” gefrot.

Et ass mir bekannt, datt et méi heefeg virkënnt, datt Demande refuséiert ginn, wann dëse “Cachet”, also de Stempel, op der Demande feelt. Vill Betriber, grad an der “New Economy”, hunn awer kee Stempel méi an et gëtt no menge Recherchen och keng legal Obligatioun fir e Betrib, esou ee Stempel ze besëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, datt Demande fir de Congé parental refuséiert ginn – respektiv zeréckgeschéckt ginn, well de Stempel vum Employeur feelt, obwuel dësen de Formulaire ënnerschriwwen huet?

  2. A wéi ville Fäll ass dat bis elo virkomm?

  3. Op wéi enger gesetzlecher Basis baséiert sech d’Demande  vun der CAE, datt d’Formular ee Stempel droe muss?

  4. Ass de Minister der Meenung, datt am Kader vun enger “simplification administrative” esou Prozeduren iwwerflësseg sinn an, datt et an dësem Fall onnéideg ass, eng Demande wéinst engem net existente Stempel ze verzögeren? Plangt de Minister vun der administrativer Reform hei Vereinfachungen anzeféieren?

  5. Wéi vill Prozedure beim Staat setzen d’Existenz vun engem Stempel bei enger Entreprise viraus? Ginn et Pläng dës ze vereinfachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2848

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam