Den Educatiounsminister huet mir de 15te Juli op meng parlamentaresch Fro n°2540 geäntwert, datt d’Crèchen hir Agewinnungsphas scho virum 15te Juli kënnen ufänken. Den Educatiounsminister verweist hei op d’Responsabilitéit vum Gestionnaire, fir mat den Elteren ze kucken, wéi d’Agewinnungsphas am beschte kann organiséiert ginn.
Elo ass et awer esou, datt verschidde Gestionnairen den Eltere matgedeelt hunn, datt hir Crèche d’Agewinnungsphas net virum 27te Juli ufänkt. D’Eltere sëtzen, wéi schonns a menger vireger Fro ugemierkt, an enger Zwéckmillchen, well se weider zwou Wochen op de gudde Wëlle vum Patron ugewise sinn, wann d’Crèche hier Kanner net betreie wëll.
Ausserdeem hat den Educatiounsminister a senger Äntwert geschriwwen, datt zwee Communiquéen (ee vum 13te Mee 2020 an ee vum 1te Juli 2020) rausgeschéckt gi sinn, fir d’Gestionnairen z’informéieren. Wien op der Website vum MEN sicht, dee fënnt zwar ee Communiqué vum 15te Mee, mee net dee vum 1te Juli.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Educatiounsminister eis de Communiquéë vum éischte Juli 2020 an der Äntwert un dës Fro annexéieren?
-
Falls de Communiqué nëmmen un d’Gestionnaire verschéckt gouf, wéi eng Mëttelen haten d’Elteren an deem Fall, fir d’Informatioun, déi d’Gestionnairen hinne ginn, z’iwwerpréiwen an erauszefanne wat Tatsaach ass?
-
Verschidden Elteren hunn dem Educatiounsministère scho viru Woche geschriwwen, ma confirméieren, se hätten ni eng Äntwert vum Ministère krut. Kann de Minister erklären, firwat d’Elteren hei net informéiert goufen?
-
Wéi loossen sech d’Mëssverständnesser tëschent dem Ministère, de Gestionnairen an den Elteren erklären an evaluéiert de Minister d’Informatiounsketten an dem Abléck als gutt an?
-
Wat fir Méiglechkeeten op Congé hunn Elteren, déi trotz der Reouverture vun de Crèchen nach ëmmer vun de Gestionnaire verweigert kréien, hir Kanner an d’Crèche ze schécken?
-
Wäert de Minister, an dëser Situatioun vu kontradiktoreschen Informatiounen, korrektiv Moossnamen huele fir d’Elteren duerch eng Verlängerung vum Congé pour raisons familiales Covid-19 ze schützen?
QP Nummer 2565