Communiqué de presse zum “Geheime Casier”

D’Piratepartei warnt viru Spekulatiounen a wëll ofwaarden bis d’Regierung an der
Affär « Geheime Casier » fir Transparenz gesuergt huet. D’Piratepartei fuerdert weiderhin mat Nodrock eng transparent, kloer an differenzéiert Opklärung vun der Situatioun. Et handelt sech beim « Fichier Central » em sensibel Donnéeën, di d’Privatliewe vun de Biergerinnen a Bierger betreffen. Säitens der Regierung wier et
fahrlässeg de soziale Medien an der Spekulatioun di eleng Opklärung vun der Situatioun ze iwwerloossen. Transparenz säitens der Regierung ass dowéinst kruzial. D’Piratepartei fuerdert d’Regierung op dësst net ze ënnerschätzen an endlech hier Responsabilitéit ze huelen sech de Froë vun de Biergerinnen a Bierger ze stellen.

D’Piratepartei wëll an deem Kontext rappelléieren datt di blo-rout-gréng Regierung 2013, no engem Geheimdéngschtskandal, mat engem erneierten Usproch un Transparenz a Rechtsstaatlechkeetskritären ugetrueden ass.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt