CFL-Guichete mussen erhale bleiwen!

D’PIRATE fuerderen d’Regierung op, d’CFL-Guichete bäizebehalen an déi néideg Investissementer bereetzestellen fir innovativ Produiten a Servicer op de Garen unzebidde an d’Personal vun de Guicheten hei mat anzebannen. Mir bedaueren, dass d’Gemengen net schonn am Virfeld an d’Planung vun de Guichete mat agebonne goufen an dass virun allem den Norden vum Land vun de d’Schléissungen vun de Guichete wäert betraff sinn.

Fir eis PIRATEN stellt d’Mobilitéit ee Grondbesoin duer, fir aktiv un der Gesellschaft kënnen deelzehuelen. Fir eis ass den ëffentlechen Transport ee Service, un dem all Bierger an engem Land muss kënnen deelhuelen. D’PIRATEN schwätzen sech schonn zënter Jore fir d’Aféierung vum Gratis Ëffentlechen Transport (GET) aus an ënnerstëtzen aus dësem Grond och de Projet vun dëser Regierung. Mir si frou, dass d’Regierung, no all de Joren voll Widderstand a Kritik um GET, endlech am Joer 2019 eis Fuerderung opgegraff huet an elo ëmsetze wäert. D’Regierung huet agesinn, dass de GET eng wierklech gutt Mesure ass.

Obwuel mir mat der Aféierung vum GET mat der Regierung op enger Linn sinn, si mir awer net domadder averstanen, wéi d’Changementer bei der CFL duerchgefouert ginn, well dës weder am Interessi vum Guichetspersonal, nach vum Client sinn. Et handelt sech an eisen Aen ëm eng reng Spuermoossnam zum Nodeel vum Client an dat obwuel de Minister an der Vergaangenheet ëmmer erëm betount huet, datt et am Kader vum GET zu kenge Spuermesure komme sollt.

E Méindeg huet de Minister fir Mobilitéit annoncéiert, dass mat der Aféierung vum GET d’CFL Guicheten am Land, mat Ausnam vun der Stad a vum Belval, hir Diere wäerte fir ëmmer zoumaachen. Och wann d’Guichetspersonal aner Posten ugebuede kritt, wäert an Zukunft kee Guichetspersonal méi vir des Garë rekrutéiert ginn. D’Guichetspersonal leescht nieft dem Verkaf vu Tickete vill aner wäertvoll Aufgabe vir d’Bierger an Touristen. Si halen d’Gare lieweg.

Et ass net am Interessi vum Guichetspersonal, hinne Poste virzesetzen, wou d’Zil eleng wäert sinn d’Zäit dout ze schloen. Mir PIRATEN wieren eis dogéint, dass d’Aarbechtskonditioune vun der CFL ënnert dem Virwand vun engem Gratis Ëffentlechen Transport an iergendenger Form a Fro gestallt ginn.

Et ass och net am Interessi vum Passagéier, wann hien op eidele Garë keen Uspriechpartner méi virfënnt an ouni Smartphone keng Informatioune méi zu verspéiten oder annuléierten Zich ka kréien. Virun allem eeler Mënschen, mee awer och Touristen an der Regioun, zéien hei de Kierzeren.

Virun allem fir de Norden vum Land wäert d’Schléissung vun de Guichete mat negative Konsequenze fir de Service Client verbonne sinn. Aktuell existéieren nach ëmmer CFL-Garen, déi den Uschloss un eng Moderniséierung verpasst hunn, well deelweis een Zougang fir Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit feelt oder well et mol keng Annoncen- an Informatiounsborne ginn, fir de Passagéier iwwert dat aktuellt Geschéien op der Streck oder an der Regioun ze informéieren. D’Guichete sinn fir dës Uertschafte reegelrecht Informatiounszenteren. Duerch d’Schléissung vun de Guichete gëtt de Norden vum Land alt nees eng Kéier benodeelegt a vernoléissegt.

Wann den ëffentlechen Transport nieft der Gratuitéit ee wierkleche Service Client ubidde soll, da muss den aktuelle Reseau u Guichete bäibehalen an ausgebaut ginn. D’PIRATE ruffen d’Regierung op « Out of the box » ze denken an innovativ Konzepter fir d’Guicheten auszeschaffen, déi PME an den Tourismus mat abannen. Wat schwätzt dogéint, aus de Guichete veritabel Informatiouns- an Attraktiounszentren ze maachen? Hei ass Kreativitéit gefuerdert fir d’Potenzial, dat vun de Garen ausgeet, ze erkennen an ze notzen. Garë sinn d’Aganksportal vun enger Regioun a sinn ee strategesch wichtege Standuert fir all méiglech Geschäftsiddien, well de Flux vu Leit, déi passéieren, relativ konstant ass. An de Garë kéint ee vill flott Projete gestalten an den Entreprenariat an all Form fërderen, sief et a Form vu klenge Geschäfter, Iwwernuechtungsméiglechkeeten, Restauratioun, Eenzelhandel, Post Points oder Touristeninformatiounszentren. D’Garen kéinten esou hiren Déngschtleeschtungscharakter bäibehalen a gläichzäiteg ee richtegen Treffpunkt a Service-Zenter fir Passagéier a Résident ginn.

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert