Immobiliepark vun den CFL

Wunnraum ass eng denrée rare zu Lëtzebuerg a grad beim lokative Wunnraum ass e Maktem ze constatéieren, deen och d’OECD an hirem rezente Rapport iwwert Lëtzebuerg ugemierkt hunn.

D’CFL ass als Betrieb, deen dem Staat gehéiert, och am Immobilieberäich aktiv, dëst iwwert hir Duechtergesellschaft CFL-Immo S.A. .

Am Joresrapport vun 2018 vum Groupe CFL liest een dozou ënnert anerem:

Au niveau de la gestion du patrimoine immobilier des CFL, la réalisation de plusieurs opérations de cession de terrains et de bâtiments a permis de contribuer positivement au résultat consolidé en 2018.

a méi wäit hannen och nach

En 2018, la société filiale de CFL Immo, Immo-Rail S.A., a supervisé l’évolution des travaux du bâtiment résidentiel et commercial à Mondorf-les-Bains, dont la vente des 26 appartements ainsi que des 7 surfaces commerciales s’est achevée courant 2018. Il ne reste plus que 6 places de parking à vendre.

Do dernieft gëtt d’CFL op hirem Internetsite un Besëtzer ze sinn vun:

  • “162 ha nicht für Bahnzwecke genutzte Grundstücke.”
  • “andere baureife Grundstücke.”
  • “Staatliche Bahngebäude: 65.000 m2 Gesamtfläche”
  • “CFL-Gebäude: 111.000 m2 Gesamtfläche.”

An deem Zesummenhang hu mir dem Mobilitéitsminister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Terrain besëtzt d’CFL oder eng vun hiren Duechtergesellschaften, déi am Bauperimeter vun enger Gemeng leien? (Opgelëscht no Gemeng)
  2. Wéi vill Prozent vun deenen 176.000 m2 Gesamtfläch vu Gebeier, déi der CFL gehéieren, ginn aktuell vun der CFL selwer genotzt?
  3. Wéi vill Prozent vun dëser Gesamtfläch gëtt fir Bureauen oder Geschäfter verlount?
  4. Wéi vill Prozent vun dëser Gesamtfläch gëtt als Wunnraum verlount?
  5. Wéi vill Prozent vun dëser Gesamtfläch gëtt aktuell net genotzt?
  6. Wéi vill Immobilien fir Wunnzwecker ënnerhält d’CFL oder eng Duechtergesellschaft aktuell? Wéi vill dovunner gi verlount a wat ass den Duerchschnëttsloyer pro Quadratmeter?
  7. Wéini gouf vun der CFL de Choix getraff als Promoteur um Immobiliemarché aktiv ze ginn a Wunnraum ze bauen an uschléissend ze verkaafen?
  8. Wéi vill Quadratmeter Wunnraum huet d’CFL oder eng Duechtergesellschaft an deene läschten 10 Joer (opgeschlësselt no Joer) zu wéi engem Duerchnëttspräis pro Quadratmeter verkaaf?
  9. Inwiefern kéint d’CFL vu staatlechen Hëllefen fir de sozialen a lokative Wunnraum profitéieren?
  10. Ass geplangt datt d’CFL Terrainen, déi hir am Bauperimeter gehéieren, fir de lokative Wunnraum notzt?

Zesummenhang posts

Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu
Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.