Réaffectation des agences de la BCEE

An der Äntwert op d‘Question parlementaire n° 1966 vum Här Finanzminister heescht et betreffend der Reaffektatioun vun den Spuerkeessagencen:
“Dass d’Spuerkeess zesumme mat de Gemengen no Léisunge sicht, fir déi zukünfteg eidel Agencë méiglechst sënnvoll ze notzen, zum Beispill fir soziale Logement oder fir nei Geschäfter. Och aner Iddien, déi den honorabelen Deputéierten nennt, sinn denkbar. Wann bei de Gemenge keen Interesse bestoe géif, déi Gebaier ze iwwerhuelen, kënnen och Gespréicher mat der SNHBM oder dem Fonds de Logement an d’A gefaasst ginn.” ”

Eng vun de vu mir genannte Léisungen war beispillsweis och d‘Schafe vu sougenannte Co-working-Spaces. An der Rubrik „Econews“ vun RTL Radio ass den Chief Economist vun der Spuerkeess virgëschter méi genee ob dës Aarbechtsstrukturen agaangen. Dem Chief Economist no, huet dësen Aarbechtsmodell trotz Coronapandemie duerchaus Ausbaupotential. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Här Minister, wëssend, datt, wéi an der Äntwert op d‘Question parlementaire n° 1966 scho präziséiert, d‘Gestioun an d‘Administratioun vun der Bank – zu där och d‘Gestioun an d‘Administratioun vun der Bank hiren Immobilië gehéiert – an d‘Zoustännegkeet vum Comité a vum Conseil d‘Administration vun der BCEE falen an den Här Minister sech net gewëllt ass an d‘Aarbecht vun dësen Organer anzemëschen, hätt Dir eventuell trotzdeem, Informatiounen iwwert den aktuelle Stand betreffend der Reaffektatioun vun den Agencen? 

  2. Här Minister, ass d‘Spuerkeess intresséiert hir Agencen als Co-Working-Space ze notzen? Falls jo, wat genee ass virgesinn a wou?

  3. Här Minister, goufen et entretemps well formell oder informell Gespréicher tëscht der Spuerkeess an de Gemengen, dem Minister an der Spuerkeess, de Gemengen an dem Minister oder Gespréicher tëscht dësen dräi Acteuren? Falls jo, wat ass de Fazit vun dëse Gespréicher?

  4. Här Minister, d‘Reaffektatioun vun de Spuerkeess Agencen, sief et als Logementsprojet, Co-Working-Space oder eng aner Form vu Projet, kéinten de ländlechen a stättesche Raum duerchaus opwäerten. Wéi eng Pistë ginn an dësem Sënn prioritär envisagéiert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2448

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene