Parlamentaresch Froen

All Deputéierte vun der Chamber huet d’Recht der Regierung Froen ze stelle fir sech iwwert d’ëffentlech Aarbecht vun den eenzele Ministeren a senge Ministèren ze informéieren.

Den Deputéierte kann dat schrëftlech iwwert d’Question parlementaire (kuerz QP genannt) maachen. De Minister muss dann no engem Delai vu maximal 1 Mount eng schrëftlech Äntwert ginn. Mëscht en dat net, däerf den Deputéierten him d’Fro mëndlech an der Chamber stellen.

Dir wëllt selwer eng Fro un d’Regierung stellen? Da maacht Gebrauch vun eisem Online-Tool 👉 FRO.LU

An engem Communiqué vum 7te Juli 2025 vum European Public Prosecutor’s Office (EPPO) gouf matgedeelt, dass zu Lëtzebuerg eng Enquête amgaangen ass wéinst presuméierte
D’lescht Joer hat d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg iwwerraschend agestallt, wouduerch, ënnert anerem, d’Sécherheetspersonal bei den CFL direkt betraff war, obwuel nach
Laut engem WORT-Artikel vum 11te Februar wëll d’Gemeng Miersch den Titel vun enger „Stad“ zouerkannt kréien.  D’Gemengegesetz gesäit vir, datt d’Bezeechnung „Ville“ duerch Gesetz
De Contrôle technique vu sengem privaten an/oder beruffleche Gefier gehéiert zu dem Verkéiersaldag zu Lëtzebuerg. Déi ënnerschiddlech Sitte vun der SNCT an SNCA ginn
De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) gëtt zënter Joren mat héije Montante vu Steiergelder finanzéiert a soll och
Mir ass ee Fall bekannt, wou eng privat Crèche ee Palestina-Fändel ausgehaangen huet an domadder ee politesche Statement mécht. Bildung sollt esou fräi wéi
Am Artikel 16 vum Règlement grand-ducal du 21 octobre 1987 concernant le temps de travail et les congés des fonctionnaires communaux ass festgehalen, dass
D’Mietgesetz gesäit zënter 2024 vir, datt am Fall vun enger Locatioun duerch een Agent immobilier oder engem anere Mëttelsmann d’Kommissioun tëscht Proprietaire a Locataire
Lëtzebuerg hëlt vum 9te Mee bis den 22ten November op enger Konschtausstellung zu Venedeg deel, wou eist Land ee Projet presentéiert mam prägnanten Titel
Et ass gängeg, dass hei am Land Gemengen hir Gebaier oder Terrainen u Privatpersounen oder Privatfirme verlounen. Oft ass et esou, dass d’Gemeng iwwert