Problem op der Autobunnsbréck tëschent Perl a Schengen (A13)

SR.de huet informéiert, dass et op der Autobunnsbréck tëschent Perl a Schengen Rëss entstane sinn. Aus dësem Grond gëllt een Iwwerhuelverbuet an ee Mindestofstand fir gréisser Gefierer, ewéi Busser an Camionen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen déi lëtzebuergesch Verwaltungen iwwert dëse Problem informéiert?

  2. Wéi wäert sech dës Situatioun op den Trafic um Grenziwwergang a speziell op der A13 auswierken?

  3. Wéi steet et ëm d’Stabilitéit an d’Sécherheet vun der Bréck?

  4. Huet d’Ministesch Informatiounen, bis wéini d’Bréck geflickt wäert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2564

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt