Wien entscheet iwwert den Dout vun Déieren

Ee Post op Social Media beschreift den trauregen Dout vun engem Päerd bei engem Polo-Match. D’Päerd hat, no enger Vollbremsung, eng duebel Fraktur vum Been. Kuerzerhand gouf et vun engem Veterinär op der Plaz ageschléifert. Et bleift deen eiskalen Zweiwel am Raum, dass hei een Déier dout gemaach gouf, well et méi bëlleg ginn ass, ewéi wann een d’Déier operéiert hätt.

D’Déiereschutzgesetz verbitt et net, dass ee Proprietaire einfach esou dierf entscheeden, fir een Déier dout ze maachen, och wa medezinesch Alternativen existéieren.

Am Déiereschutzgesetz stinn zwar Artikelen iwwert d’Dout maachen vun engem Déier dran. D’Gesetz präziséiert, dass engem Déier an Nout muss gehollef ginn. D’Gesetz schreift och vir, dass een d’Déier muss betäubt ginn, éiert et dout gemaach gëtt an et net “de façon cruelle” dierf doud gemaach ginn. Präzisiounen an Detailer fënnt een dozou an engem groussherzogleche Reglement souwéi de Convention européenne pour la protection des animaux de compagnie vun 1987.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann ee Proprietaire, nom aktuelle Gesetz, decidéieren fir een Déier einfach esou anzeschléiferen, och wann et medezinesch Alternativen existéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2567

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt