Opdeelung vum Congé politique am Gemengerot

Gemengemandatairen – dat sinn d’Gemengeconseilleren, d’Schäffen an d’Buergermeeschteren – kréien ee Congé politique, fir hiert demokratescht Mandat kënnen z’erfëllen. Dëst op Basis vum modifizéierte groussherzogleche Reglement concernant le congé politique des bourgmestres, échevins et conseillers communaux. 2024 gouf de Congé politique fir verschidde Gemengeconseilleren, Schäffen a Buergermeeschteren erhéicht.  Donieft kënnen d’Membere vum Gemengerot sech 15 zousätzlech Congésstonnen ënnerteneen opdeelen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn all d’Gemengeréit am Land sech déi 15 Stonnen Congé politique opgedeelt?  Falls nee, a wéi enge Gemengen ass dat net de Fall?

  2. Wéi vill Schäfferéit a Buergermeeschtere profitéiere vum Zousazcongé vum Artikel 3bis vum groussherzogleche Reglement a wéi vill Stonne ginn hei genotzt?

  3. Wéi vill Gemengeconseillere profitéiere vum Zousazcongé vum Artikel 3bis vum groussherzogleche Reglement a wéi vill Stonne ginn hei genotzt?

  4. Wéi ass an de Gemengen, an deenen nom Proporz-System gewielt gëtt, d’Verdeelung vun dëse Stonne fir Politiker, déi net an enger Koalitioun sinn? Aneschters gefrot: Wéi vill Oppositiounspolitiker profitéieren an de Proporzgemenge vum zousätzleche Congé politique?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2566

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen