Schützt Är Déieren virun extreemer Hëtzt

Mam Summerufank stinn déi nächst Hëtztwelle virun der Dier. Vill Leit ënnerschätzen d’Risiken vun den extreem héijen Temperaturen, grad fir eis Déieren. Et goufen déi leschte Wochen erëm Fäll, wou Hënn an Autoen gelooss goufen. Dës Leit si sech net bewosst, dass am Auto schonn no e puer Minutten an der praller Sonn iwwer 50 Grad Celsius kënne sinn, wat fir een Hond zu engem schnellen a qualvollen Dout ka féieren.  Den Artikel 4 Punkt 3 vum Déiereschutzgesetz gesäit vir, dass jiddereen, deen en Déier hält, dofir suerge muss, dass d’Temperature vum Déier u seng Aart adaptéiert muss sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ënnerhëlt d’Ministesch, fir d’Leit op d’Geforen vun der Hëtzt op d’Déieren opmierksam ze maachen?

  2. Wat ass d’Strof fir eng Persoun, déi hiert Hausdéier bei gliddegen Temperaturen am Auto léisst?

  3. Wat solle Leit ënnerhuelen, déi een Déier bei héijem Temperaturen an engem Auto fannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2526

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt