Personal schikanéiert beim TICE?

D’FGFC beschreift an engem Communiqué vun haut ee schlecht Personalmanagement beim TICE. Ried ass vu “Schikane als Strategie”, wou scho klenger Bagatellen direkt mat Drock an eeserner Fauscht bestrooft ginn. Eng Personalëmfro innerhalb vum TICE schéngt ee schlecht Aarbechtsëmfled ze bestätegen. De Staat ass duerch d’Konventioun mam TICE och zoustänneg dofir, dass d’Aarbechtsëmfeld esou gutt wéi méiglech soll sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt d’Ministesch d’Aschätzung vun der FGFC a vun der interner Etüd, dass d’Aarbechtsëmfeld beim TICE schlecht ass?

  2. Wéi wäerten d’Ministesch, zesumme mat de Gemengen, op d’Kritiken vun der FGFC reagéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2542

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt