Kaf vun LUXUAV-Dronen

An engem Facebook-Post huet de Mobilitéitsministere Werbung iwwert eng Visite vun der Ministesch bei der Firma LUXUAV gemaach. Am Post informéiert de Ministère och, dass de Staat 250 FPV-Dronen vun dëser Firma kaf ze hunn..

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf et eng Ausschreiwung fir de Kaf vun dësen 250 Drohnen?
    Falls nee, wéi eng Reegele vum Gesetz iwwert ëffentlech Ausschreiwungen goufen heifir genotzt?

  2. Wéi ass de Kontakt tëschent der Firma an dem Ministère zoustane komm? Huet d’Firma d’Ministesch kontaktéiert oder ass de Ministère op d’Firma opmierksam ginn?

  3. Wéi vill huet de Kaf vun deenen 250 Drohnen kascht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2501

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt