Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Ënnerschiddlech TVA beim Wäin

Fir Wäin hierzestellen, gëtt, einfach a knapp gesot, den Zocker am Drauwemost fermentéiert. Wat méi Zocker an der Drauf ass, wat henno méi Alkohol am Wäin kann entstoen. Einfach gesot: wat méi Sonn a wat méi waarm Temperaturen, wat méi Zocker an der Drauf. Dëst ass een natierleche Prozess an den Alkoholgehalt am Wäin hänkt dovunner of, wéi d’Klima am Joer war. De Wënzer huet a sech domadder kee Problem a passt sech der Natur un. Allerdings mécht d’TVA-Gesetz ville Wënzer hei am Land d’Liewe schwéier, well hei festgehalen ass, dass d’TVA op Wäiner mat manner wéi 13 Prozent Alkohol méi niddreg ass, wéi bei Wäiner mat engem méi héijen Alkoholsgehalt.  Esou ass et méiglech, dass ee Wäin, jee no Joergang oder Lag, eng ënnerschiddlech héich TVA muss applizéieren. Dës Reegel ass ee bürokratescht Hindernis fir vill Wënzer a féiert zu Präisënnerscheeder tëschent de Wäiner, déi net wierklech Sënn maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung eng Ännerung vun der TVA um Wäi virhuelen, esou dass een eenzegen TVA-Taux fir Wäi gëllt?

  2. Wäert d’Regierung de Wee goen, fir de Seuil vum Alkoholsgehalt um Wäin (vun aktuell 13%), fir deen den Taux intermédiaire vu 14% gräift, eropzesetzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2515

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll