ADR-Gemengeconseiller fuerdert 2000€ vun engem Beamten

Wéi RTL.lu an engem häitegen Artikel beriicht, soll ee Gemengeconseiller aus der Gemeng Käl/Téiteng engem Gemengebeamten aus der nämmlechter Gemeng per Bréif opgefuerdert hunn, fir him 2000€ z’iwwerweisen, dëst no engem klengen Intermezzo tëschent deenen zwou Persounen. De Gemengeconseiller huet dëse Bréif un d’Gemengeverantwortlech – also de Buergermeeschter, adresséiert. Et stellen sech deontologesch Froen, well hei net just zwou Privatpersounen ee Konflikt haten, mee ee Gemengeconseiller an een Gemengeaarbechter. D’Gemengegesetz schreift dem Gemengerot Kompetenzen am Beräich vum Personal zou (Artikel 30 vum Gesetz) a kontrolléiert och d’Personalpolitik vun enger Gemeng (zum Beispill iwwert den Artikel 28 vum Gesetz).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass ee Gemengeconseiller a gewësser Aart a Weis als Patron vum Gemengenaarbechter unzegesinn? 

  2. Wéi ass d’Aktioun vum Gemengeconseiller ze bewäerten?

  3. Ass de Minister der Meenung, dass d’Fuerderung vum Gemengeconseiller een Abus de Pouvoir duerstellt?

  4. Ass de Minister der Meenung, dass d’Fuerderung vum Gemengeconseiller een Erpressungsversuch duerstellt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2504

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen