NEI LÉISUNGEN FIR EUROPA MAT DE PIRATEN

Ahoi léif Matbierger:innen, 

d’Europawahlen sti virun der Dier an d’Piraten hunn déi leschte Méint fleisseg dru geschafft, fir iech an dësem Programm nei Léisungen fir Europa ze präsentéieren. 

D’Europäesch Unioun huet Problemer: d’Wirtschaft dréint net wéi se soll, d’Sécherheet ass net méi garantéiert, de Klimawandel gëtt ëmmer méi spierbar fir eis Ëmwelt a Wirtschaft an alles dat féiert dozou, dass ëmmer méi radikal-extrem Politiker:innen a Parteien probéieren mat Haass, Jalousie an bëllege Proposen är Stëmmen ze kréien, fir un d’Muecht ze kommen. Ee Mol do ukomm wäerten dës Leit, eis Fräiheeten, d’Demokratie an de Rechtsstaat ofbauen an domadder dat, wat eis Virfahren virun Jorzéngten mat vill Aarbecht a Blutt bezuelt hunn. Mir mussen d’Europäesch Unioun zesumme verbesseren! 

Nei Léisungen fir Europa kommen nëmmen, wann een d’Leit matschwätzen, matentscheeden a matschaffe léisst. Dir sollt d‘Soen hunn, wann et ëm äert Doheem, är Ëmwelt an är Steiergelder geet an a wichteg Entscheedungen mat agebonne ginn. Mat méi Matbestëmmung baue mer Vertrauen an d’Politik erëm op a ginn esou dem Haass, der Jalousie an de bëllege Proposen vun extreme Politiker:inne keng Chance!

Wien d‘Piraten wielt, dee wielt de Wee fir méi Biergerbedeelegung a Matbestëmmung.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt nei Léisungen fir Europa.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt de Wee an eng nohaltëg Zukunft fir Mënsch, Déier an Natur.

Är Stëmm fir d’Piraten ass eng Stëmm fir eng Partei, déi aanechters un d’Politik erugeet, wéi aner Parteien dat maachen.

Vertraut eis den 9te Juni mat engem Kräiz op eiser Lëscht fir nei Léisungen fir Europa !

Eise Programm kuerz&knapp

Eise Walprogramm am Detail

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352203337

Aktuelles

De 14ten Dezember 2024 um 10 Auer moies hunn d^Piraten ee Landeskongress ofgehalen. Um Programm waren: Satzungsännerungsvirschlag deposéiert vum Marc Goergen de 27/11/2024: D’Zesummefaassung
De Sven Clement schreiwt an engem Gast-Artikel am Lëtzebuerger Land vum 25te Mäerz 2022 iwwert d’Viruerteeler am Kontext vun der Ukrain-Kris a wéi mer
Ahoi! Den alljärlechen Landeskongress vun eiser Partei steet un! Mir invitéieren all Member häerzlech dorun deel ze huelen a matzestëmmen. Wéini: 8te Februar 2020,
D’Pirate feieren hiert 10-järegt Bestoen! Dat wëlle mir zesumme mat iech feieren. Umelle kënnt dir iech entweder iwwert ahoi@web.piraten.lu (uginn: Unzuel vu leit, Menu, Membre
  Am vergangenen Freitag fand der globale Klimastreik statt, welcher auch in Luxemburg zum berechtigten Erfolg wurde. Eine Vielzahl an Mitgliedern und Kandidaten der
Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë
De Future of Technology Institute (FOTI) huet an engem rezente Rapport (Cloud Defence: An exposed European flank, 2026) festgestallt, datt Lëtzebuerg a puncto Verdeedegungscloud
Laut enger neier Etüd vum Statec, déi den 29. Abrëll 2026 publizéiert gouf, ass d’Vollzäitbeschäftegung am Kader vun engem CDI wärend den normalen Dageszäiten
Am Telekommunikatiounssecteur zu Lëtzebuerg ginn et laut aktuellen Informatiounen déi meescht vun der ILR festgestallte Litigen tëscht Konsumenten an Ubidder. Dës Konflikter betreffen ënner
An der Nofolleg vun der Entdeckung vu syntheetesche Cannabinoiden an engem CBD-Buttek an der Stad Lëtzebuerg – wou e Produit ënner der Bezeechnung „Silver
Eng méintelaang Enquête vum US-Medium CNN huet eng sougenannt „Online Rape Academy” opgedeckt – eng verstoppt Online-Austauschplattform, op där sexuell Gewalt géint Frae motivéiert,
Dës Woch huet d’Europäesch Kommissioun e Kadervertrag vu bis zu 180 Milliounen Euro fir souverän Cloud-Servicer un europäesch Ubidder attribuéiert — e kloert Signal