De Service d’Aide Médicale Urgente (SAMU) soll laut neiem Référentiel beim CGDIS eng bedeitend strukturell Ännerung duerchmaachen. Déi zentral Neierung besteet doran, datt an Zukunft och Doktere mat der Spezialisatioun vum Urgentist bei Asätz matfuere kënnen, wat eng fundamental Ëmstrukturéierung vum aktuelle Fonctionnement bedeite géif. Dës Ännerung huet awer Diskussiounen ëm Kompetenzen an ëm finanziell Ressourcen ausgeléist. Et stellt sech d’Fro, wéi dës nei Organisatioun konkret ëmgesat gëtt a wéi eng Käschten eventuell domat verbonne sinn?
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi gesäit de neie Référentiel beim CGDIS am Detail aus a wéini soll dëser offiziell a Kraaft trieden?
Entstinn duerch de neie Référentiel an d’Integratioune vun den Urgentisten an de SAMU-Betrib Méikäschten a wa jo, wéi ginn dës finanzéiert?
Huet d’Regierung oder de CGDIS eng Evaluatioun oder eng Etude maache gelooss, déi d’Noutwennegkeet vun dëser Ännerung beleet, a wa jo, kann dës dem Parlament zur Verfügung gestallt ginn?
QP Nummer 3979