Kontrollprozeduren vun CBD-Butteker

An der Nofolleg vun der Entdeckung vu syntheetesche Cannabinoiden an engem CBD-Buttek an der Stad Lëtzebuerg – wou e Produit ënner der Bezeechnung „Silver Haze THCA” souguer iwwer en Automat verkaaft gouf – stellen sech Froen iwwert déi konkret Organisatioun vun de Kontrollprozeduren, d’personell Ressourcen an d’Roll vun der Douane beim Importkontroll vun dëse Produkter. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt tëscht dem Agoen enger Meldung (z. B. vun engem Testservice wéi Pipapo, vun der Police oder vu Privatpersounen) an enger effektiver Visite-Kontroll vun engem CBD-Verkafspunkt

  2. Wéi vill Agente stinn dem Service Santé aktuell zur Verfügung, fir Kontrollen a CBD-Butteker a anere verwandten Verkafspunkten duerchzeféieren, a gi speziell Agente fir dësen Aufgabeberäich agesat?

  3. Gëtt et e formaliséierte Protokoll fir d’Weiderleede vun Informatiounen tëscht Drug-Testing-Servicer, dem Service Santé an den zoustännegen Autoritéiten, wann an Testprouwen illegal Substanzen entdeckt ginn? Wa jo, wéi ass dësen Oflaf konkret?

  4. Kann de Service Santé Produkter op der Plaz beschlagnamen a Verkafspunkten direkt schléissen, wann illegal Substanzen entdeckt ginn, oder brauch et dofir d’Interventioun vun aneren Autoritéiten?

  5. Wéi ginn CBD-Produiten, déi op Lëtzebuerg importéiert ginn, vun der Douane op hiren THC-, THCA- oder syntheetesch-Cannabinoid-Gehalt kontrolléiert, a mat wéi enger Frequenz ginn dës Analysen duerchgefouert?

  6. Gi CBD-Produkter, déi aus Drëttlänner importéiert ginn, systematesch op d’Präsenz vu syntheetesche Cannabinoide getest, oder nëmme bei konkretem Verdacht?

  7. Gëtt et eng strukturéiert Informatiounsweidergab tëscht der lëtzebuergescher Douane an den Douanesautoritéiten vun den Nopeschlänner, speziell betreffend nei identifizéiert syntheetesch Cannabinoiden am grenziwwerschreidende Wuereverkéier?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3961

Zesummenhang posts