Kënnegung vu Mietkontrakter

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë kënnen sech net dogéint wieren, well den Artikel 12 vum Mietgesetz vum 21te September 2006 virgesäit, datt ee Mietkontrakt ka bei gréissere Renovatioune gekënnegt ginn. De Proprietär berifft sech dobäi op grouss Renovatiounsaarbechten, déi d’Gebai temporär onbewunnbar maache géifen a verweist op eng Baugeneemegung vun der Gemeng Péiteng vum 23te Mee 2024.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat wieren d’Konsequenze fir de Proprietaire, wann sech erausstellt, dass d’Renovatiounsaarbechten net duerchgefouert goufen? 

  2. Misst de Proprietaire deenen 30 Stéit an deem Fall eng Indemnitéit vun hirem Loyer vun engem Joer zeréckbezuelen (Artikel 14 vum Mietgesetz)?

  3. Wéi sollen d’Locatairen sech uleeën, wa si Gebrauch wëlle maachen vum Artikel 14 vum Mietgesetz?

  4. Wéi laang huet de Proprietaire, fir d’Renovatiounsaarbechten unzefänken, nodeems en den éischte Locatairen erausgeheit huet?

  5. Wéi eng konkret Moossname ginn et, fir de Betraffenen, déi bis de Summer eng nei Wunneng musse fannen, aktiv z’ënnerstëtzen?

  6. Wéi beurteelt d’Regierung d’Uwendung vum Artikel 12 vum Mietgesetz bei esou engem Fall vu Massekënnegungen a gesäit d’Regierung d’Noutwennegkeet, fir de legale Kader ze verstäerken, fir  esou Massekënnegungen ze schützen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3989

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë