Eng méintelaang Enquête vum US-Medium CNN huet eng sougenannt „Online Rape Academy” opgedeckt – eng verstoppt Online-Austauschplattform, op där sexuell Gewalt géint Frae motivéiert, gefeiert an oppe gedeelt gëtt. Op dëse Plattforme gi Männer encouragéiert, Tutorials mateneen ze deelen, wéi si hir Affer – dorënner och hir eege Partnerinnen – drogéiere kënne fir se dann ze vergewaltegen. Eleng op enger Websäit sollen iwwer 20.000 Videoe mat onbewossten Affer eropgeluede gi sinn, an am Februar 2026 soll d’Säit vun iwwer 62 Milliounen User opgeruff gi sinn. Besonnesch alarméierend ass, datt laut dem CNN-Dossier de brittesche Reguléierungsdéngscht Ofcom eng Enquête géint d’Firma „Kick Online Entertainment S.A.” opgemaach huet, déi hire Sëtz anscheinend zu Lëtzebuerg hätt. Als Grond gëtt uginn, datt dës Firma keng adequat Risikobewäertung betreffend illegalem Inhalt virgeluecht hätt. D’Enquête soll spéider agestallt ginn, nodeems d’Dokumenter geliwwert goufen, ma eng weider Ënnersichung vum selwechten Déngscht soll d’Firma nees viséiert hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass d’Existenz vun der Firma „Kick Online Entertainment S.A.” am Lëtzebuerger Handelsregëster bekannt, a wa jo, ënnert wéi engem Status ass dës Firma zu Lëtzebuerg enregistréiert?
Huet d’Regierung oder eng lëtzebuergesch Opsiichtsbehörde (Police Parquet, ILR, CNPD oder aner) Kontakt mat dem brittesche Reguléierungsdéngscht Ofcom am Zesummenhang mat dëser Firma oder dëse Plattforme gehat?
Wéi eng Kompetenzen hu lëtzebuergesch Autoritéiten, fir géint Firmen, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn an awer am Ausland reguléiert ginn, am Beräich vum illegalen Online-Contenu virzegoen?
Wëllt d’Regierung am Kader vum Digital Services Act (DSA) proaktiv handelen, fir ze préiwen, ob Plattforme mat Verbindung zu Lëtzebuerg hiren Obligatioune betreffend d’Bekämpfung vun illegalem Inhalt nokommen, a wa jo, wéi?
Gesäit d’Regierung en Handlungsbedarf fir d’Koordinatioun tëscht lëtzebuergesche Justiz-, Police- an Opsiichtsbehörden am Beräich vun online-baséierter sexueller Gewalt ze verstäerken?
QP Nummer 3953