Rapport Cloud Defence: An exposed European flank

De Future of Technology Institute (FOTI) huet an engem rezente Rapport (Cloud Defence: An exposed European flank, 2026) festgestallt, datt Lëtzebuerg a puncto Verdeedegungscloud als „medium risk” agestuuft gëtt, well d’Direction de la Défense iwwer de Prestataire Clarence op Google Cloud-Technologie zeréckgräift – also op eng US-amerikaneschen Hyperscaler-Infrastruktur. Virum Hannergrond vun de rezenten Entwécklungen – notamment dem Asaz vun digitalen „Kill Switches” géint d’Ukrain a Membere vum ICC duerch d’Trump-Administratioun, an der extraterritorialer Reechwäit vum US CLOUD Act – stellen sech eng ganz Rei Froen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung sech dem Risiko bewosst, deen d’Ofhängegkeet vun US-amerikanesche Cloud-Infrastrukturen – och wann se iwwer europäesch Zwëschenprestatairë genotzt ginn – fir d’Sécherheet a Verdeedegung vu Lëtzebuerg mat sech bréngt?

  2. Huet d’Regierung en Audit vun den aktuelle Cloud-Ofhängegkeeten am Verdeedegungsberäich duerchgefouert oder ass sou en Audit geplangt, fir déi héichste Risikosystemer ze identifizéieren?

  3. Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung ergraff oder geplangt, fir eng méi grouss digital Souveränitéit am Verdeedegungsberäich ze garantéieren – notamment duerch de Wiessel op europäesch Cloud-Léisungen, déi net vun US-Hyperscalere ofhänken?

  4. Wéi evaluéiert d’Regierung de Risiko, deen d’Clarence-Léisung konkreet duerstellt, besonnesch am Liicht vun der Tatsaach, datt dës Léisung op Google Cloud-Technologie baséiert an domat potentiell dem US CLOUD Act ënnerworf ass?

  5. Ass Lëtzebuerg am Kader vun der EU oder der NATO un Initiative bedeelegt, fir gemeinschaftlech souverän Cloud-Léisunge fir de Verdeedegungsberäich ze entwéckelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4018

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë