nei Etüd vum Statec zur Aarbecht

Laut enger neier Etüd vum Statec, déi den 29. Abrëll 2026 publizéiert gouf, ass d’Vollzäitbeschäftegung am Kader vun engem CDI wärend den normalen Dageszäiten net méi d’Norm zu Lëtzebuerg. Eng Majoritéit vun de Residenten, déi zu Lëtzebuerg schaffen, ass deemno an Deelzäitbeschäftegung, schafft owes oder um Weekend. Dës Entwécklung wërft wichteg Froen op iwwer d’Qualitéit vun den Aarbechtsplazen, de Schutz vun de Salariéë, d’Work-Life-Balance, souwéi iwwer d’soziaalt Sécherheetsnetz fir déi Betraffen. Et ass dofir wichteg ze verstoen, wéi eng Moossname vun der Regierung geplangt sinn, fir op dës strukturell Verännerungen um Aarbechtsmaart ze reagéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossname gedenkt d’Regierung ze huelen, fir déi Salariéeën ze schützen, déi an atypesche Beschäftegungsformen (Deelzäit, Owes- a Weekendaarbecht) schaffen?

  2. A wéi wäit gedenkt d’Regierung d’Aarbechtszäitgesetzgebung unzepassen, fir der neier Realitéit vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart Rechnung ze droen?

  3. Wéi gedenkt d’Regierung sécherzestellen, dass déi betraffe Persounen en adequaten Zougang zu soziale Leeschtungen a Schutzmoossname behalen, onofhängeg vun hirer Beschäftegungsform?

  4. Wéi eng Mesuren si geplangt, fir d’Deelzäitaarbecht, déi dacks onfräiwëlleg ass, ze reduzéieren an de Betraffenen den Zougang zu méi stabille Beschäftegungsverhältnisser ze erméiglechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4017

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë