FRO.LU: Strukturell Ongläichbehandlung vum Aidant informel am Code de la sécurité sociale

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De Code de la sécurité sociale behandelt d’mënschlech Aarbecht vum Aidant informel (Art. 354) a Material- bzw. Déngschtleeschtunge (Art. 353 a 356) grondsätzlech anescht: Sachleeschtunge gi reegelméisseg un d’Käschtenentwécklung ugepasst, d’Geldleeschtunge fir den Aidant awer net. Dëst ass keng technesch Onméiglechkeet – de Mechanismus existéiert schonn am selwechte Gesetz – mee eng bewosst politesch Entscheedung. D’Ministesch huet an hirer Äntwert op d’Fro n°3054 keng Begrënnung fir dës ongläich Behandlung geliwwert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng moralesch a rechtlech Begrënnung läit der Ongläichbehandlung vun de Geldleeschtunge fir den Aidant informel (Art. 354) am Verglach mat de Sachleeschtungen (Art. 353, 356) zu Grond, déi reegelméisseg un d’Käschtenentwécklung ugepasst ginn?

  2. Erkennt d’Ministesch un, datt dëst keng technesch Onméiglechkeet ass, mee eng bewosst politesch Wiel – a wa jo, wéi gëtt dës Wiel gerechtfäerdegt?

  3. Den Text vum Art. 354 benotzt explizitt d’Verb remplacées fir d’Funktioun vun de Geldleeschtungen. Wéi ass d’Interpretatioun vun der Ministesch – datt d’Leeschtung keng indemnité de remplacement wier – mat dësem Gesetzeswuertlaut kompatibel?

  4. Gedenkt d’Ministesch, dës strukturell Ongläichbehandlung am Kader vun enger Gesetzesrevisioun ze korrigéieren?

Fro n°4030

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4030

Zesummenhang posts