ACCOUNT

Orange Week 2022

Es heißt nicht umsonst, dass Gewalt viele Gesichter hat, denn es gibt unterschiedliche Arten von Gewalt und unterschiedliche Opfer von Gewalt, auch in Beziehungen.  Es gibt zum Beispiel die physische Gewalt. Dabei kann es sich um blaue Flecken handeln, die man davonträgt, weil der Partner* einen regelmäßig schlägt oder ihm von Zeit zu Zeit die… Continue reading Orange Week 2022

Déiereschutz: net just virun de Wale schwätzen, mee och no de Wale maachen!

D’Piraten hunn den 18ten Oktober eng Pressekonferenz ofgehalen, fir iwwert de Stand vum Déiereschutz hei am Land ze schwätzen. D’Situatioun fir d’Déieren hei am Land ass iwwert déi lescht Joren net besser ginn an d’Piraten hunn an de leschte Jore vill an oft op d’Situatioun opmierksam gemaach a Verbesserunge gefuerdert a virgeschloen. Am Hibléck vun… Continue reading Déiereschutz: net just virun de Wale schwätzen, mee och no de Wale maachen!

RTL Tribune Libre: Transparenz an de Gemengen – Ëffentlech Suen, ëffentlech Informatioun

Den Charly Muller war als Pirat bei RTL, fir do iwwerTransparenz an de Gemengen ze schwätzen:     D’Piratepartei steet fir Transparenz a Biergerbedeelegung. D’lëtzebuerger Land steet kuerz virun de nächste Gemengewalen. Et ass deemno un der Zäit dës Piraten-Themen och an der Gemengepolitik no vir ze bréngen, well Transparenz a Biergerbedeelegung bidde grad um lokale Plang… Continue reading RTL Tribune Libre: Transparenz an de Gemengen – Ëffentlech Suen, ëffentlech Informatioun

Zu Gast: Recht op Gléck

Three girlfriends Women Happy Smiling at Sofa laugh good. Young People Having Fun Together at Home. High quality photo

Dësen Artikel gouf geschriwwe vum Mandy Arendt, Gemengeconseillière zu Colmar-Bierg an Präisidiumsmember, an war den 9ten September am Lëtzebuerger Land.   Verschiddener dreeme Joren a Joerzéngte vum grousse Familljegléck. Ech hunn déi grouss Chance, dass ech meng kleng Famill hunn an dat mécht mech wierklech glécklech. Mee ech weess och, dass et vill Fraen dobausse gëtt, déi een… Continue reading Zu Gast: Recht op Gléck

Präsidiumssëtzung vum 22te Mäerz 2022

D’Sëtzung gouf urgent aberuff. Et ware präsent fir d’Entscheedungen: Starsky, Gilles, Sven, Marc, Lucie Ofwiesend: Camille, Rebecca Punkt 1) Demissioun vum Lucie De Virfall op Twitter gouf beschwat an als Resultat vun den Diskussiounen huet d’Lucie seng Verantwortung iwwerholl an dem Präsidium säi Récktrëtt aus dem Präsidium présentéiert. Déi uwiesend Präsidiumsmemberen hunn dem Lucie seng… Continue reading Präsidiumssëtzung vum 22te Mäerz 2022

D’EU-Pirate fuerdere méi steng Reegele beim Déierentransport

All Dag ginn Déieren duerch ganz Europa transportéiert an dëst vill ze oft a schlechten Zoustänn, wou d’Déiere weder genuch Plaz hunn, nach genuch Fudder a Waasser. D’EU-Parlament huet d’Situatioun analyséiert an elo an engem Rapport Recommandatioune fir den Déierentransport festgehalen. D’Parlament fuerdert an dësem Rapport ënnert anerem, dass d’Transportdauer op maximal 8 Stonne verkierzt gëtt, an et sollen och méi… Continue reading D’EU-Pirate fuerdere méi steng Reegele beim Déierentransport

Aktualitéitsstonn iwwert d’Präishausse an de Manktem u Baumaterial

Sven Clement: Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech soen der CSV fir d’éischt Merci fir d’Ufroe vun dëser Aktualitéitsstonn. Allerdéngs muss ech och soen, datt d’Theema vun dëser Stonn, wéi scho bei enger anerer Ufro zu de Sprittpräisser, erëm en Theema betrëfft, wat déi national Politik nëmme minimal beaflosse kann. D’Penurie vu Materialie… Continue reading Aktualitéitsstonn iwwert d’Präishausse an de Manktem u Baumaterial

Gesetzesprojeten 7778, 7779 an 7780 iwwert verschidde Bauprojeten

Marc Goergen: Merci, Här President. Merci dem Chantal Gary an dem Carlo Back fir hire gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. Per Zoufall, ier de Projet op d’Dagesuerdnung koum, war ech viru Kuerzem zu Wuelesse bei eise Piraten, an dat net just, well et do soll Muffele ginn, also d’Déieren, déi mir Piraten sou gäre schützen,… Continue reading Gesetzesprojeten 7778, 7779 an 7780 iwwert verschidde Bauprojeten

Dateschutz

Mir (Piratepartei Lëtzebuerg ASBL, genannt Piraten, Mir), si responsabel fir den Traitement vun den Donnéeën, déi s du hei agëss. Mir späicheren dës Kontaktdaten an enger temporärer Datebank. Dës Donnéeë ginn no enger interner Iwwerpréiwung duerch de Koordinator oder engem vun him beopdroten Employé geläscht an an eise Membersfichier agedroen. Mam Akzeptéieren an Ofschécke vun… Continue reading Dateschutz

D’finanziell Situatioun vun eisen Deputéierten

Fir fir méi Transparenz ze suergen, bidde mir iech en Abléck an déi finanziell Situatioun vun eisen Deputéierten.  Sven Clement : De Sven Clement ass op de folgende Plazen aktiv:  Op dëse Plaze bezitt hien keen Akommes: Volley Club Belair FLVB Op dësen Plazen bezitt hien Akommes: Clement & Weyer Consulting sàrl AccountTech sàrl Député En Vue vun… Continue reading D’finanziell Situatioun vun eisen Deputéierten