D’EU-Pirate fuerdere méi steng Reegele beim Déierentransport

All Dag ginn Déieren duerch ganz Europa transportéiert an dëst vill ze oft a schlechten Zoustänn, wou d’Déiere weder genuch Plaz hunn, nach genuch Fudder a Waasser. D’EU-Parlament huet d’Situatioun analyséiert an elo an engem Rapport Recommandatioune fir den Déierentransport festgehalen. D’Parlament fuerdert an dësem Rapport ënnert anerem, dass d’Transportdauer op maximal 8 Stonne verkierzt gëtt, an et sollen och méi streng Kontrolle gemaach ginn.

D’Piraten am Europaparlament ënnerstëtzen dëse Rapport a setzen sech fir méi Déierewuel an. D’Piraten zu Lëtzebuerg an an der EU si géint den Déierentransport vu liewegen Déieren an Drëttlänner a géint een déierenonwierdegen Transport (wou d’Déieren net genuch Plaz hunn, kee Waasser, ze héisch resp. ze niddregen Temperaturen ausgesat sinn, net behandelt Verletzungen, ect.)

D’EU-Kommissioun huet iwwerschaffte Reegele fir 2023 ugekënnegt.

Hei de gestëmmte Rapport aus dem EU-Parlament.

Hei eis parlamentaresch Froen zum Deieretransport.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt