Marc Goergen:
Merci, Här President.
Merci dem Chantal Gary an dem Carlo Back fir hire gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport.
Per Zoufall, ier de Projet op d’Dagesuerdnung koum, war ech viru Kuerzem zu Wuelesse bei eise Piraten, an dat net just, well et do soll Muffele ginn, also d’Déieren, déi mir Piraten sou gäre schützen, si hu mer och gehollef, dëse Gesetzestext anzeuerdnen. Och d’Éislek kann a muss sech wirtschaftlech weiderentwéckelen. D’Éislek lieft och vun der Landwirtschaft, am Éislek sinn awer och vill Handwierksbetriber, ma och ëmmer méi Servicer vertrueden. D’Éislek ass haut eng héichdynamesch Géigend!
Och ëmmer méi jonk Stéit zitt et wéinst de Logementspräisser an der Liewensqualitéit an den Norde vum Land. Ech héieren allerdéngs och vill vun de Leit, datt d’Situatioun a Saachen Trafick wierklech dramatesch ass, dat virun allem an de Spëtzestonnen. Op där enger Säit ass e wirtschaftlechen Opbau vum Éislek amgaang, anerersäits gouf awer, wéi sou oft am Land, un der Infrastruktur gespuert.
Haut geet et ëm d’Liewensoder am Norden, d’N7, och „Dräibunn“ genannt. Dëse Projet deelt sech deemno graff an dräi Deeler: d’Sécherung vun der N7 duerch sëlleg Echangeuren, Rond-pointen, Op an Offaarten a Kalifornesch Mauere souwéi den
Ausbau vun der B7 op véier Spueren an de Contournement Housen.
De véierspueregen Ausbau begréisse mir Piraten. Mir hätten eis awer gewënscht, datt fir d’Regierung den Norden net an der Nordstad géif ophalen, mee wierklech konsequent an e wierklech sécheren an ugepasste Stroossereseau investéiert géif ginn. Dat heescht konkreet: véier Spueren iwwerall do, wou et méiglech ass.
Wat d’Contournementen ugeet, ass ze soen, datt et kee Sënn mécht, hei mol e Contournement ze bauen an dann do mol een, mee datt all d’Verkéierskniet mussen ewechgeholl ginn. Dat geet nëmmen, andeems mir all Uertschaft ëmfueren, déi wierklech mam Trafick gehäit ass.
Här President, loosst mech kuerz op de Contournement Housen agoen. Vun 1957 bis 1963 war de Jean Dimmer, e Virdenker, de Buergermeeschter vun der deemoleger Gemeng Housen. Et war hien, deen d’Iddi vum Contournement Housen deemools op den Dësch geluecht huet. Zanterhier waarden d’Awunner op eng Ëmgeeungsstrooss fir hir Uertschaft. En halleft Joerhonnert méi spéit ass et elo sou wäit.
Mat dësem Projet wäert sech House staark veränneren. Endlech kréien d’Leit déi Liewensqualitéit, déi hinnen zousteet. De Gemengerot vun der Gemeng Parc Housen steet dann och geschlossen hannert dem Masterplang Housen, dee virgesäit, dës Uertschaft ze valoriséieren.
Datt de Contournement elo wierklech kënnt, ass an den Ae vun de Piraten och de Verdéngscht vun de Gemengeverantwortlechen op der Plaz. No enger Fusioun tëscht de Gemengen Houschent, Konstem an Housen ass et hinnen nämlech gelongen, mat Nodrock bei der Regierung déi néideg Schrëtt anzeverlaangen. D’Gemeng huet wierklech am Sënn vun de Bierger geschafft. Dat weist, wann op kommunalem Plang de Wëlle fir eppes do ass, datt ee mat enger staarker Ekipp eppes kann erreechen.
Bis ewell sinn all Dag ronn 20.000 Autoen duerch d’Uertschaften Hengescht, Housen, Houschter Déckt gefuer. D’ganz N7 soll elo duerch sëlleg Reamenagementer geséchert ginn. De Contournement Housen ass an deem Kontext e wichtegt Puzzlestéck. Allerdéngs wäerte vill Kilometer vun der N7 och weiderhin duerch kleng Uertschafte féieren an d’Liewensqualitéit vun de Leit weider belaaschten. Uertschafte wéi d’Houschter Déckt oder Hengescht wäerten och weiderhi staark belaascht bleiwen, virun allem duerch den Transitverkéier, deen aus der Belsch erof op Lëtzebuerg rullt, oft souguer nëmme fir ze tanken.
Här President, d’N7 ass net nëmmen d’„Éisleker Miwwelstrooss“, et ass eng europäesch Strooss, déi net nëmmen den Norden an den Zentrum vum Land matenee verbënnt, mee och d’Verbindung Maastricht–Léck–Lëtzebuerg assuréiert. D’Securisatioun an den Ausbau vun der N7 kann een net als e lokalen, souguer vläicht net emol als nëmmen en nationale Projet betruechten, mee villméi als e Projet, dee misst Hand an Hand mat de belschen Autoritéiten duerchduecht ginn, fir genee ze wëssen, ob mir net Feeler aus der Vergaangenheet widderhuelen.
Wéi vill Trafick an Zukunft aus Richtung Norden op eis duerkënnt, ass ongewëss. Ob d’Belsch plangt, e Bypass vu Sankt Vith Richtung Lëtzebuerg an d’federal Infrastrukturen eranzehuelen, steet nach an de Stären.
Mir Piraten wënschen eis vun der Regierung e méi kooperativen Usaz bei de Froen, déi eis Mobilitéit uginn. Froe wéi Opfangparkingen, Coworkingspaces an de gratis ëffentlechen Transport och an déi benopert Regioune missten an den Ae vun de Piraten Prioritéit genéissen. Dës Sujete missten dann och verstäerkt bei de Verhandlunge mat der belscher Regierung ënnerstrach ginn.
Här President, fir eis ass dëse Projet nach net duerchduecht genuch. Am Endeffekt ass et eng Spuermoossnam. Zanter Jore geschéien op der N7 déidlech Accidenter a wien haut op där Strooss fiert, spillt mam Risiko. Dëst wäert sech zwar duerch d’Sécherung an Zukunft verbesseren, mee fir de reelle Problem vun dësem Projet awer nach eng Kéier ze illustréieren, wéilt ech gären zréckkommen op meng parlamentaresch Fro vu virun engem Joer.
Ech hat de Minister Bausch d’lescht Joer per parlamentaresch Fro gefrot, ob beispillsweis virgesinn ass, de Contournement fir d’Houschter Déckt ze bauen. Laut eiser lokaler Piratesektioun ass opgefall, wéi geféierlech dësen Ofschnëtt ass. De Minister huet dozou gesot: „E Contournement vun der Houschter Déckt ass de Moment net virgesinn.“ De Problem op dëser Plaz duerch eng Vitesslimitatioun op 50 Kilometer an der Stonn unzegoen, sou wéi den Här Bausch et an der Äntwert op meng Fro proposéiert huet, ass sécherlech keng Léisung, mee alt erëm eng Spuermoossnam.
Mir Piraten fannen, wann een esou e Projet wéi dee vun der N7 wëllt konsequent ugoen, da muss een d’Suen an de Grapp huelen, fir et vun A bis Z ze maachen. Do wären d’Sue besser investéiert wéi an dee Militärfliger! Dat bedeit éischtens: mat eisenNopeschlänner schwätzen, ier mer esou eppes maachen, zweetens: véier Spueren do, wou et méiglech ass, an drëttens: all Uertschaft ëmfueren.
Zu Housen huet et joerzéngtelaang gedauert, bis sech d’Politik aus enger katastrophaler Situatioun a Saachen Trafick eraus bereeterkläert huet, endlech de Leit vun House méi Liewensqualitéit duerch e Contournement ze ginn. Wéi laang wäert et zu Hengescht, op der Houschter Déckt an op der Wemperhaart daueren?
Dir mierkt, et ass nach vill nozehuelen op der Nordstrooss. Mir Piraten wäerten déi dräi Projeten haut matstëmmen.
Merci.
- December 4, 2023
- 9:26 am
- Interna
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond. Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos) D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn