Präsidiumssëtzung vum 22te Mäerz 2022

D’Sëtzung gouf urgent aberuff.

Et ware präsent fir d’Entscheedungen: Starsky, Gilles, Sven, Marc, Lucie

Ofwiesend: Camille, Rebecca

Punkt 1) Demissioun vum Lucie

De Virfall op Twitter gouf beschwat an als Resultat vun den Diskussiounen huet d’Lucie seng Verantwortung iwwerholl an dem Präsidium säi Récktrëtt aus dem Präsidium présentéiert. Déi uwiesend Präsidiumsmemberen hunn dem Lucie seng Demissioun akzeptéiert. De Präsidium distanzéiert sech an all Form vun de Posts, déi hei geliked goufen.

Punkt 2) Ernennung vun engem Interim-Tresorier

De Gilles wäert de Poste vum Tresorier bis zum Landeskongress assuréieren. Hie wäert dofir déi néideg Accès’en an Informatiounen zur Verfügung gestallt kréien.

Vott: eestëmmeg dofir

Punkt 3) Landeskongress 2022

De Präsidium hält den Donneschden, 2te Juni 2022 fir de Landeskongress fest. Hei wäerten no eiser Satzung 5 Präsidiumsposten nei gewiehlt ginn.

Punkt 4) Informatioun un d’Memberen

De Präsidium huet ee Mail un d’Memberen preparéiert, si iwwert d’Entscheedungen vun dësem Präsidium z’informéieren. (siehe ënnen)


Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt