Smarty – Wat geschitt, wann ee refuséiert e Smartmeter installéieren ze loossen?

D’Gesetz vum 7. August 2012 an d’Gesetz vum 19. Juni 2015 iwwert d’Organisatioun vum marché de l’électricité leeë fest, dass d’Gestionnaire vun de Stroumreseaue bis Enn 2019 d’Stroumzieler a ganz Lëtzebuerg austauschen an duerch nei Smartmeteren (“SMARTY”) ersetze mussen.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Energie dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Persounen hunn zum aktuellen Zäitpunkt nach kee Smartmeter?
  • Wat geschitt, wa Persoune refuséieren e Smartmeter bei sech am Haus installéieren ze loossen?
    Dierft oder misst de Stroumubidder an esou Fäll eng Coupure vum Raccordement électrique virhuelen?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 1878

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene