Landeskongress 2021

Eise Landeskongress 2021 huet den 8te Mee 2021 um 10.00 Auer bis 12.00 Auer zu Schengen stattfonnt am „Schengener Haff“. Wéinst dem Covid-19 war de Kongress och digital.
–> iwwer Livestream https://www.youtube.com/watch?v=uR6jXMkCJXI
–> iwwer Videochat op https://meet.jit.si/Landeskongress2021
–> D’App fir um Kongress ze wiehlen https://assemblea.pirates.cat/
(d’App gouf eis vun de katalanesche Piraten zur Verfügung gestallt (Merci!).

Um Programm waren folgend Punkten

·  Begréissung vum Koordinator Marc Goergen
·  Den Testvott 
·  Wahl vun engem Kongressleedung
·  Talkronn 1 
·  Präsentatioun vum Finanzbericht 2020 vun der Tresorière Lucie Kunakova
·  Präsentatioun vum Aktivitéitsbericht vum aktuelle Präsidium 
·  Vott vun der Decharge vum aktuelle Präsidium 
·  Wahl vum neie Präsidium (ausser dem Koordinator, Mandat bis 2022) –
Präsentatioun vun de Kandidaten a Vott

·  Talkronn 2  
·  Wahl vun zwee Keessepréifer 
Wahl vun zwee Rechnungspréifer 
Präsentatioun vun de Kandidaten a Vott 

·  Wahl vum Schiedsgeriicht – Präsentatioun vun de Kandidaten a Vott 
·  Talkronn 3 
·  Satzungsännerungsvirschléi – Presentatioun a Vott 
·  Wahl vun den Themenbeoptragten an der Parteileedung
(falls Satzungsännerung ugehol gëtt)
·  Politesch Ried vum Sven Clement

Motiounen a Resolutioune konnte bis spéitstens den 30ten Abrëll aregeschéckt ginn. Et ass eng Propose fir eng Satzungsännerung am Délai (23.4.2021) erakomm. D’Ännerung gouf mat 100% vun de Stëmmen um Kongress ugeholl.

Mir soen alle Bedeelegte Merci fir hier Zäit! Hei ënnendrënner fannt Dir nach d’Wahlresultater:

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt