Rechnungen an de Spideeler (paiement immédiat direct)

No jorelaangem Waarden ass et zënter 2024 endlech méiglech, dass d’CNS d’Käschte vun den Dokteschrechnungen direkt op der Plaz iwwerhëlt. Doduerch muss de Patient op der Plaz just nach säin eegenen Undeel bezuelen an net méi méintelaang op ee Remboursement vun der CNS waarden.  De Service vum Tiers payant direct ass bei ëmmer méi Dokteren méiglech (57%, wéi d’Gesondheetsministesch an der Äntwert op d’Fro n°2565 informéiert).  De Service ass awer nach net komplett ausgebaut. E feehlt zum Beispill nach an de Spideeler, wéi dem CHEM. An der Äntwert op d’Fro n°1164 hat d’Gesondheetsministesch bestätegt, dass de Service nach net integral an alle Spideeler ugebuede gëtt. Esou muss een als Patient:in, jee no Spidol, d’Rechnungen aus der Radiologie oder vum Dokter ëmmer nach virstrecken a fir de Remboursement bei d’CNS eraschécken (oder an ee physesche Guichet vun der CNS ee Rendez-vous huelen). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Spidolsgruppen a fir wéi eng Servicer gëtt den Tiers payant direct aktuell ugebueden?

  2. A wéi enge Spidolsgruppen a fir wéi eng Servicer gëtt den Tiers payant direct aktuell nach net ugebueden? 

  3. Wäert et an noer Zukunft méiglech sinn, dass all d’Servicer an alle Spidolsgruppen vum Tiers payant direct gedeckt ginn?  Falls jo, bis wéini?  Falls nee, fir wéi eng Servicer wäert dëst net de Fall sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2642

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt