Den 23. Juli 2025 huet eng grouss Pann am POST-Netz zu enger nationaler Krisesituatioun gefouert. Fir ongeféier véier Stonne waren all Telekommunikatiounsservicer vu POST gestéiert, dorënner och d’Noutruffnummeren 112 an 113. Dës Situatioun huet eng fundamental Schwächt an eiser Telekommunikatiounsinfrastruktur opgedeckt: d’Ofhängegkeet vun engem eenzegen Netz schaaft inakzeptabel Risike fir déi ëffentlech Sécherheet. Dëst stellt d’Fro no der technescher Méiglechkeet an der regulatorescher Noutwendegkeet vum “National Roaming” a Lëtzebuerg, souwéi no eiser technescher Souveränitéit am Telekommunikatiounssecteur. D’belsch Beispill mat sengem ASTRID-Noutfallnetz, dat obligatoresche roaming vun alle 700 MHz-Operateure verlaangt, weist datt sou Léisungen technesch realiséierbar sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi oft mussen d’Telekomoperateuren zu Lëtzebuerg Resilienz-Tester maachen a goufen dës Tester virum POST-Ausfall richteg duerchgefouert?
-
Ginn et verbindlech Standarde fir d’Network-Redundanz bei kriteschen Telekomoperateuren, a wann net, plangt d’Regierung sou Standarden anzeféieren?
-
Wéi stellt d’Regierung sécher, datt alternativ Kommunikatiounsweeër (wéi Satellittekommunikatioun) als Backup fir terrestresch Netzwierker wärend grousse Pannen zur Verfügung stinn?
-
Wat sinn d’konkret Verbesserunge vun der Noutfallkommunikatiounsarchitektur, déi d’Regierung no dem POST-Ausfall ëmsetzt?
-
Wéi evaluéiert d’Regierung d’Néidegkeet fir eng national Telekommunikatiounsréserve oder en alternative Kommunikatiounswee fir d’Servicer vum Staat ze garantéieren?
QP Nummer 2671