Interessekonflikter beim Bauen op Gemengenniveau

D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert sinn.
An der Vergangenheet goufen souwuel zu Lëtzebeurg wéi och am Ausland ëmmer erëm Fäll, wou politesch Verantwortlech oder Beamten selwer Interessien u Bauteprojeten haten. Dëst ass ee moralesche Problem a féiert och dozou, dass Vertrauen an de Wunnengsmaart verluer gaangen ass. Ee Marché, wou kee Vertrauen ass, ass och ee Marché, deen net optimal ka funktionnéieren.

Wann ee méi a méi séier baue wëll, da muss dofir gesuergt ginn, dass d’Bautepolitik an enger Gemeng esou transparent wéi méiglech a fräi vu potenziellen Interessekonflikter ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass den Inneminister der Meenung, dass et een Interessekonflikt duerstellt, wann ee Verantwortlechen an der Gemengepolitik Undeeler un engem Immobiliefirma huet an den Associé iwwert aner Firme mat der Gemeng Geschäfter mécht?

  2. Ass den Inneminister der Meenung, dass den Interessekonflikt aus der Welt ass, wann ee Verantwortlechen an der Gemengepolitik dës Undeeler un eng Persoun aus sengem direkten oder indirekte familiären Ëmfeld verkeeft? 

  3. Wéi eng gesetzlech Dispositiounen a wéi eng Kontrolle beim Inneministère schütze virdrun, dass Scheintransaktiounen duerchgefouert ginn, bei deenen d’Beneficiairen (an dëse Fall politesch Verantwortlech oder Beamten) zu engem spéideren Zäitpunkt nom Mandat an de Genoss vu Faveure kommen? 

  4. Dierf ee Buergermeeschter eng Baugeneemegung fir ee Projet ginn, an deem hien oder seng Famill selwer een Interessi huet? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2681

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene