Klau a Vandalismus vu Luetstatiounen

An Däitschland ginn aktuell Fäll gemellt, wou ëffentlech Luetstatioune futti gemaach goufen. Ënnert Anerem goufen op d’Schnellluetstatiounen d’Luedekabelen ofgeschnidden a geklaut.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen et och schonn esou Fäll zu Lëtzebuerg a falls jo, wéi oft ass dëst an de vergaangene Jore geschitt? 

  2. Gëtt d’Méiglechkeet vu Vandalismus beim Bau vu Luetstatioune berécksiichtegt a falls jo, wat fir virbeugend Moossnamen ginn heigéint ënnerholl?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2644

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt