Den Artikel 27 vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwert d’lëtzebuerger Nationalitéit gesäit eng Optioun fir Volljäreger vir, déi op d’mannst siwe Joer vun hirer Schoulzäit „dans le cadre de l’enseignement public luxembourgeois ou de l’enseignement privé appliquant les programmes d’enseignement public luxembourgeois” absolvéiert hunn. Dës Persounen si vum Sproochentest an vum Cours „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg” dispenséiert, well de Legislateur dovunner ausgeet, dass eng Schoulzäit vu siwe Joer am lëtzebuerger System eng genügend sproochlech an zivil Integratioun garantéiert.
Aus dem Commentaire des articles vum Dossier parlementaire n° 6977 geet awer ervir, dass Joeren, déi an engem Schoulwiesen verbruecht goufen, dat net de Programm vum ëffentleche lëtzebuerger Enseignement applizéiert, keen Droit à l’option opmaachen. Explizitt betraff sinn d’École européenne, de Lycée Vauban, d’International School of Luxembourg, d’St. George’s International School wéi och déi ëffentlech international Schoulen, déi duerch d’Gesetz vum 20. Januar 2016 geschafe goufen, dorënner d’École internationale Edward Steichen (EIES) zu Klierf.
Dësen Ausschloss huet konkret Auswierkungen um Terrain. Et ass mir zu Ouere komm dass jonk Leit, déi zu Lëtzebuerg opgewuess sinn, laang Joeren eng ëffentlech international Schoul wéi den EIES besicht hunn a Lëtzebuergesch schwätzen, eng Sprooch déi an dëse Schoulen och geléiert gëtt, de Benefice vum Artikel 27 refuséiert kréien. Dës Persounen, déi déif an der lëtzebuerger Gesellschaft integréiert sinn, mussen de Wee vun der normaler Naturalisatioun goen, inklusiv Sproochentest an de Cours „Vivre ensemble”, obwuel hire Schoulparcours zu Lëtzebuerg hir Verankerung am Land beleet.
Dës Situatioun schéngt ëmsou méi paradox, wéi d’Regierung aktiv déi weider Kreatioun an d’Entwécklung vun ëffentlechen internationale Schoulen um Territoire national virundreiwen, well si doran en Outil fir d’Attraktivitéit an d’Integratioun gesinn. Et schéngt widderspréchlech, dës Schoulen ze promouvéieren an zur selwechter Zäit d’Schüler, déi dës Schoulen besichen, beim Accès zur Nationalitéit ze penaliséieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann d’Madamm Ministesch vun der Justiz confirméieren, dass Schouljoeren, déi an ëffentlechen internationale Schoulen, wéi den EIES zu Klierf, absolvéiert goufen, net am Kader vum Artikel 27 vum Nationalitéitsgesetz unerkannt ginn?
-
Wéivill Demande d’option am Kader vum Artikel 27 sinn zanter 2017 refuséiert ginn, well den Demandeur eng ëffentlech international Schoul besicht hat?
-
Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass dësen Ausschloss nach gerechtfäerdegt ass, ugesinn datt d’Netz vun den ëffentlechen internationale Schoulen ausgebaut gëtt an datt do Lëtzebuergesch geléiert gëtt?
-
Kann den Här Minister fir Educatioun preziseieren, a wéi engem Mooss den Enseignement vun der lëtzebuerger Sprooch an d’Matière vun der Instruktioun civique an den ëffentlechen internationale Schoulen sech vun deem am klasseschen ëffentleche Schoulwiesen ënnerscheeden?
-
Gesäit d’Regierung eng legislativ Ännerung vum Artikel 27 vir, fir d’Schouljoeren, déi an ëffentlechen internationale Schoulen absolvéiert goufen, ganz oder deelweis unzeerkennen, gegebenefalls ënnert der Bedingung vun engem sproochleche Volet am Lëtzebuergeschen?
QP Nummer 4081