Internetverbindung an de Fleegestrukturen

Duerch d’Coronakris ass d’Digitaliséierung och a villen Alters- a Fleegeheimer ukomm. Doduerch, datt keng oder nëmme limitéiert Visitte vun der Famill oder Frënn méiglech waren, sinn eng ganz Rëtsch Haiser op de Wee vu Videokonferenze gaangen, fir et den eelere Leit trotz den Ëmstänn ze erlaben, mat de Leit, déi hinnen nostinn a Kontakt ze bleiwen. Eng Internet, voire W-LAN Connectioun gëtt deemno och an Alters- a Fleegeheemer ëmmer méi wichteg.
Zum aktuellen Zäitpunkt ass och dovun auszegoen, datt d’Sécherheetsmesuren am Kontext vum Coronavirus an den Alters- a Fleegestrukture méi laang wäerte bäibehale ginn, wéi op anere Plazen. Videokonferenze sinn ee Mëttel, fir ze verhënneren, datt déi eeler Leit mussen an der kompletter Isolatioun bleiwen. Dofir ass een Internetuschloss essentiell.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Madamm Ministesch, wéi vill Altersheemer bidden hire Bewunner/innen aktuell eng W-LAN-Verbindung un ?

  2. Gedenkt d‘Madamm Ministesch an Zukunft den Heemer, déi hire Bewunner wëllen eng Internetconnectioun zur Verfügung stellen, finanziell ënnert d‘Äerm ze gräifen?

  3. Ginn aktuell well Formatioune fir d‘Bewunner/innen an d‘Personal vun Alters- a Fleegeheemer ugebueden, fir dës modern Technik méi accessibel a verständlech ze maachen?

  4. Madamm Ministesch, gehéiert eng Internetconnectioun aktuell zum Grondequipement vun engem Alters- oder Fleegeheem? Wa net firwat net?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene