D’Piraten hunn de Ministeren fier Aussenugeleeënheeten an Europa, Ëffentlechen Déngscht, Energie an Kultur eng parlamentaresch Fro iwwer rezent Personalchangementer gestalt.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
“Reegelméisseg falen op Ministèrë Personalchangementer un. Heiansdo treffen esou Wiessele bei der Ëffentlechkeet duerch kloer an transparent Prozeduren ob Zoustëmmung, heiansdo léisen se guer keng Resonanz aus an heiansdo ginn se vun der Bevëlkerung virun allem negativ bewäert, well ontransparent Kritäre bei der Attributioun vun de Posten d’Léit gleewe loossen, datt aner Aspekter ewéi d’Kompetenze vun de Kandidaten um Enn bei der Verdeelung vun den Aarbechtsplazen ausschlaggebend waren. Och am Moment ginn et erëm eng Rei Changementer an de lëtzebuergesche Ministèren. Esou soll z.B. eng fréier Staatssekretärin wäerte bei den Ausseministère wiesselen, fir do d’Nationbranding-Strategie ze begleeden, e fréiere KeP-Koordinateur soll an de Kulturministère nominéiert ginn an e fréiere Porte-parole vum Nohaltegkeetsministère soll 1er Conseiller de Gouvernement am neien Energieministère ginn.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Kennen d’Häre Ministeren an d’Madamm Ministesch des Personalchangementer bestätegen?
- Gouf et fir dës Posten eng oppen Ausschreiwung? Wa jo, vu wéini bis wéini an op wéi enge Kanäl? Wann nee, firwat net?
- A wéi enger Carrière an ënnert wéi engem Statut kann een als Persoun bei de lëtzebuergesche Ministèren agestallt ginn? Wéi eng Kompetenze soll ee matbréngen, wann een e Posten an enger héijer Carrière bei engem Ministère ustrieft?
- Wéi gëtt an de Ministèrë séchergestallt, dass Persoune keen Zougang zu Carrièren hunn, zu deenen hier Diplomer se net ermächtegen? Wéi oft ass et hei schonns zu Ausnamen komm?
Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député”