E Klimabudget fir all Ministère – wéi geet d’Regierung vir?

D’Ministèrë verbrauche fir hier Aarbecht Ressourcen a sinn z. B. och duerch Déngschtreesen un de lëtzebuergeschen CO2-Emissioune bedeelegt. Am Kader vun den nationalen Ustrengungen d’Emissioun vun Zäregasen ze reduzéieren, soll dofir  mat engem Klimabudget den ekologesche Foussofdrock vun de Ministèrë méiglechst kleng gehale ginn.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement der Ministesch fir Emwelt, Klima an nohalteg Entwécklung dës Froe gestallt:

  • Huet d’Regierung eng Methodik, fir e Klimabudget pro Ministère ze berechnen? Falls jo, wéi genee gesäit dës aus a wéi grouss ass den ekologesche Foussofdrock vun den eenzele Ministèren a Verwaltungen? Falls nee, bis wéini plangt d’Regierung en Outil ze hunn, fir den annoncéierte Klimabudget pro Ministère opstellen an anhalen ze kënnen?
  • Wéi eng Experte goufen (oder ginn) fir d’Ausschaffe vun enger Methodik consultéiert?
  • Gëtt (oder gouf) beim Opstelle vum Klimabudget pro Ministère consideréiert, wat den ekologesche Foussofdrock am Joer 2005 war, fir esou e Repère ze hunn? Falls jo, wéi waren d’Zuelen deemools?

D’Regierung seet an der Äntwert: “Et ass […] net geplangt, dass ee Ministère ee spezifesche “Klimabudget” opstellt an et ass och net geplangt eng definéiert Rechnung opzestellen, fir festzehalen, wéi wait d’Beméiunge solle goen.

Déi ganz Äntwert kann an der PDF-Versioun nogelies ginn.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen